Bayern München huet sech beim Tabelleleschte Hannover mat 4:0 duerchgesat. Gladbach ass géint Hoffenheim net iwwert een 0:0 erauskomm.

E Samschdeg war et d'Suite vum 15. Spilldag an der däitscher Futtball Bundesliga. Lues awer sécher geet et Richtung Schluss vun der Hironn an d'Wanterpaus steet virun der Dier.

Bayern München huet sech wéi ze erwaarden zu Hannover kloer duerchgesat an dat mat 4:0. Fir den däitsche Rekordchampion ass et déi héchste Victoire an dëser Saison. D'Ekipp vum Kovac konnt duerch d'Victoire an der Tabell op Gladbach opschléissen, d'Borussia ass nämlech zu Hoffenheim net iwwert een 0:0 erauskomm.

Fir Schalke leeft et an der Bundesliga weider net ronn, um Samschdeg gouf et nëmmen een 1:1 géint Augsburg, sou datt ee mat nëmme 15 Punkten op der 13. Plaz steet.

Wichteg Punkte gouf et fir Düsseldorf a Stuttgart. Den Opsteiger huet Freiburg mat 2:0 geklappt a steet elo op der Relegatiounsplaz a Stuttgart steet no engem 2:1 géint Berlin op der 15. Plaz. Bei de Stuttgarter ass d'Freed iwwert d'Victoire séier an den Hannergrond geréckelt, well dem VfB-Kapitän Christian Gentner säi Papp kuerz nom Match un engem Häerzinfarkt am Stadion gestuerwen ass.

Borussia Dortmund huet e Samschdeg den Owend mat 2:1 géint Bremen gewonnen. De BVB huet laang missen zidderen, ma u Enn sinn déi dräi Punkten am Westfalenstadion bliwwen. Zwee Deeg virum Schluss vun der Hironn steet Dortmund als Hierschtchampion fest.

Déi nächst Woch sinn dann nach d'Spilldeeg 16 a 17. An da geet et an Däitschland an déi wuelverdéngte Wanterpaus.

Borussia Dortmund - Werder Bremen 2:1

D'Ekipp vum Lucien Favre war direkt voll do géint Werder Bremen an huet d'Defense vun de Gäscht méi wéi eng Kéier un d'Wackele bruecht. An der 20. Minutt gouf de BVB fir déi gutt Offensivaarbecht belount, den Alcacer huet de Ball an de Gol gesat an d'Haushären a Féierung bruecht. Kuerz drop huet de Reus op 2:0 erhéicht an et huet no enger souveräner Victoire vum BVB ausgesinn. Ma déi offensiv ausgeriichten Ekipp vum Kohfeldt huet sech kuerz virun der Paus duerch den 1:2 vum Kruse zeréckgemellt.

An den zweete 45 Minutte war den Tempo weiderhi ganz héich an der Partie an et ass hin an hier gaangen. Werder Bremen huet sech net méi verstoppt, de Kruse an de Möhwald hunn awer den Ausgläich verpasst. Op der anerer Säit hunn de Sancho an de Reus gutt Chancë leie geloosse. D'Partie war bis déi lescht Sekonn ganz spannend, ma de BVB huet den 2:1 iwwert d'Zäit bruecht a ka sech doduerch elo schonn iwwert d'Hierschtmeeschterschaft freeën. An der Tabell huet een elo e Virsprong vun 9 Punkten op Bayern a Gladbach.

Augsburg - Schalke 1:1

No der Qualifikatioun fir d'Aachtelsfinall an der Champions League leeft et fir Schalke an der Bundesliga weider net wéi geplangt. Déi Blo sinn um Samschdeg géint Augsburg net iwwert een 1:1-Remis erauskomm.

Augsburg ass mat vill Drock an d'Partie gestart an ass an der 13. Minutt verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen. De Kipper vu Schalke, Fährmann, wollt eng Flank vum Max mat de Fäischt klären, ma de Ball ass awer éischter héich an net wäit gaangen, sou datt dat ronnt Lieder direkt um Kapp vum Gregoritsch gelant ass. Den Éisträicher hat et dunn einfach an huet nëmmen nach missen an den eidele Gol käppen. Augsburg huet sech no der Féierung e bëssen zeréckgezunn a Schalke esou an de Match komme gelooss. D'Knappe konnte sech allerdéngs keng geféierlech Golchancen erausspillen, sou datt et an der Paus 1:0 fir Augsburg stoung.

Am zweeten Duerchgang hat Augsburg direkt zwou gutt Chancen, déi eng Kéier war dem Gregoritsch säi Kappball net geféierlech genuch an huet dem Fährmann keng Problemer gemaach an duerno war eng Flank vum Max e bëssen ze héich, sou datt zwee Augsburger net mam Kapp drukomm sinn. Op eemol ass Schalke dunn an der 53. Minutt den 1:1 gegléckt. D'Flank vum Bentaleb hat de Caiuby nach aus dem Strofraum gekäppt, direkt op de Caligiuri, deen de Ball mat der Broscht ugeholl huet an en du volley lénks an den Eck gesat huet.

Béid Ekippe ware bis zum Schluss beméit, fir dach nach den decisive Gol ze schéissen, ma d'Chancë waren net konsequent genuch erausgespillt, sou datt et beim 1:1 bliwwen ass.

Düsseldorf - Freiburg 2:0

Düsseldorf a Freiburg sinn an der éischter Hallschent mat wéineg Risiko opgetrueden an hu sech drop konzentréiert fir hanne sécher ze stoen. Golchancë gouf et doduerch kaum am éischten Duerchgang. An der sechster Minutt hat Freiburg allerdéngs Gléck, hei hätt et een Eelefmeter fir d'Haushäre misse ginn, ma den Arbitter huet dësen net gepaff. Mam 0:0 ass et an d'Kabinne gaangen.

No der Paus huet Düsseldorf méi an d'Partie investéiert an ass an der 55. Minutt verdéngt mat 1:0 duerch den Ayhan a Féierung gaangen. D'Fortuna huet sech duerno net zeréckgezunn a wollt den 2:0 an déi dräi Punkten doheem behalen. 11 Minutte viru Schluss ass hinnen dunn den 2:0 gegléckt. Och dës Kéier war et den Ayhan, hien huet de Schoss vum Kaminski verlängert an de Ball an de Gol gesat.

Fir Düsseldorf ass et am Opfstigskampf eng ganz wichteg Victoire, den Opsteiger steet elo mat 12 Punkten op der Relegatiounsplaz.

Hannover - Bayern München 0:4

No 11 Defaiten hannertenee gouf et och um Samschdeg keng Victoire fir Hannover géint Bayern München. Den däitsche Rekordmeeschter huet den Haushäre keng Chance gelooss a kloer mat 4:0 gewonnen.

Schonn no 2 Minutten huet et déi éischte Kéier am Gol vun Hannover gerabbelt. De Kimmich hat seng Ekipp mat engem wonnerschéine Volleyschoss aus 16 Meter mat 1:0 a Féierung bruecht. D'Bayern hunn duerno weider Drock gemaach a wollten onbedéngt noleeën, dat ass hinnen dann och an der 29. Minutt gegléckt. No engem Corner hat de Weydandt de Ball nach mam Kapp aus dem Strofraum degagéiert, ma dat ronnt Lieder ass du beim Alaba gelant an deen huet net laang gezéckt an de Ball aus 20 Meter an de rietse Wénkel gesat. E weideren Dramgol vun de Münchener, déi domadder an der Paus verdéngt mat 2:0 a Féierung loungen.

An den zweete 45 Minutten huet Bayern München do weider gemaach, wou ee virun der Paus opgehalen hat. An der 53. Minutt huet de Gnabry ass kuerzer Distanz op 3:0 erhéicht. Keng 10 Minutte méi spéit huet et nees am Gol vun Hannover gerabbelt. Dës Kéier war et um Lewandowski, nodeems d'Haushären de Ball net aus der Geforenzon erausbruecht kruten.

Nom 4:0 war d'Loft eraus an der Partie, Bayern München huet Kraaft fir den duebele Spilldag déi nächst Woch an der Bundesliga gespuert a sech mat der 4:0-Victoire zefridde ginn.

Fir den Thomas Müller war et den 300. Match fir Bayern München. / © AFP

Hoffenheim - Gladbach 0:0

Tëscht Hoffenheim a Gladbach konnt ee sech e Samschdeg een Offensivspektakel erwaarden, béid Ekippen hunn dës Saison nämlech schonn eng ganz Partie Goler geschoss. Um Enn ass et awer anescht komm, well d'Partie ass ouni Goler mat engem 0:0 op en Enn gaangen.

Gladbach ka sech glécklech schätzen, datt een um Enn 1 Punkt mat Heem konnt huelen. Hoffenheim hat schonn an der éischter Hallschent méi vum Match. Wat d'Schëss op de Gol ugaange sinn an och beim Ballbesëtz hat ee besser Wäerter. An der 33. Minutt hat een de Ball wuel och am Gol ënnerbruecht, ma no Videobeweis huet den Arbitter wéinst Abseits de Gol vum Joelinton zu Recht net ginn. Gladbach hat no den éischte 15 Minutte kaum nach eng Offensivaktioun. Mam 0:0 ass et deemno an d'Paus gaangen.

Nom Téi huet Hoffenheim den Tempo erhéicht, Gladbach ëmmer méi ënner Drock gesat a sech Chance ëm Chance erausgespillt. De Ball wollt awer einfach net an de Filet goen. An der 69. Minutt hat de Joelinton nëmmen de Potto getraff, duerno hunn nach de Belfodil oder och de Bittencourt Chancë verginn.

Trotz dem Remis bleift Gladbach op der zweeter Plaz an der Tabell.

Stuttgart - Hertha BSC Berlin 2:1

D'Hertha huet an den éischte 45 Minutten de Match zu Stuttgart kontrolléiert an huet ee gudde Spillzoch genotzt, fir an der Paus mat 1:0 duerch e Gol vum Mittelstädt a Féierung ze leien. Stuttgart war beméit an huet gekämpft an der 64. Minutt gouf een dofir belount. Den Donis hat eng Flank op den zweete Potto bruecht, wou de Gomez de Ball mam Kapp an d'Mëtt ginn huet. Hei huet sech de fréieren Nationalspiller géint zwee Berliner behaapt an dat ronnt Lieder iwwert d'Linn gedréckt. E ganz wichtege Gol fir Stuttgart.

Nom Ausgläich huet d'Ekipp vum Markus Weinzierl, déi am Tabellekeller steet, erëm u sech gegleeft a war spilleresch däitlech besser, wéi nach an der 1. Hallschent. Mat de Spectateuren am Réck ass dem Gomez an der 76. Minutt mam Kapp de verdéngten 2:1 gegléckt.

D'Haushären hunn den 2:1 bis de Schlusspëff gehalen a kënne sech iwwert déi 4. Victoire an dëser Saison freeën. Duerch déi dräi Punkten um 15. Spilldag klëmmt Stuttgart an der Tabell op déi 15. Plaz.

Nürnberg - Wolfsburg 0:2

Schonn e Freideg den Owend hat Wolfsburg keng Problemer zu Nürnberg an huet 2:0 gewonnen.