De Marc Gisin war an der Hallschent vun der Descente gefall. No engem Sprong hat de Schwäizer d'Kontroll verluer a war mam Kapp op d'Pist geschloen.

De Schwäizer Marc Gisin war no senger ganz uerger Chute wärend der Descente beim Weltcup zu Gröden an Italien e Samschdeg net méi uspriechbar a gouf no enger éischter Behandlung op der Pist mam Helikopter an d'Klinik geflunn. Seng Schwëster Michelle Gisin huet sech bei der Schwäizer Zeitung Blick e Samschdeg am Nomëtteg geäussert a liicht Entwarnung ginn. Hire Brudder wär nees erwächt a säin Zoustand wär stabil. Weider Informatiounen iwwert de Gesondheetszoustand gouf et bis e Samschdeg den Owend net.

2015 war de Marc Gisin scho schwéier gefall. Am Super G zu Kitzbühel hat sech de Schwäizer ee Scheedel-Hirn-Traum zougezunn.

Wéinst dem uergen Tëschefall war d'Course fir eng gutt hallef Stonn ënnerbrach, duerno ass et awer weider gaangen. Um Enn war den Norweger Aleksander Aamodt Kilde de Séiersten. Op der "Saslong" ass him e perfekten Duerchgang gegléckt, sou datt hien um Enn ee Virsprong vu 86 Honnertstel op den Éisträicher Max Franz hat. Um Podium stoung nach de Schwäizer Beat Feuz.

Aleksander Aamodt Kilde / © AFP