D'Victoire e Samschdeg beim Scheldecross zu Antwerpen an Holland war fir d'Denise Betsema aus Holland.

D'Christine Majerus huet eng Top10-Plazéierung e Samschdeg beim Scheldecross zu Antwerpen an Holland knapp verpasst. Der Lëtzebuergerin hunn op der 11. Plaz um Enn 3 Sekonnen op d'Eva Lechner aus Italien gefeelt.

D'Victoire war fir d'Denise Betsema. D'Hollännerin hat e Virsprong vun 23 Sekonnen op hir Landsfra Lucinda Brand. Um Podium stoung nach d'Laura Verdonschot aus der Belsch, dat mat engem Réckstand vun 29 Sekonnen. D'Christine Majerus hat als 11. e Retard vun 1 Minutt a 47 Sekonnen.

Den nächste Weekend ass d'Lëtzebuerger Championne beim Weltcup zu Namur an der Belsch am Asaz.

Schreiwes vum Christine Majerus:
Christine Majerus a pris la onzième place aujourd’hui en Belgique au Scheldecross qui se disputait à Anvers.

Non prévu au départ au programme, Christine a ajouté ce cross à sa préparation en dernière minute dans l’optique d’un week-end d’entraînement plus intense.

Si la luxembourgeoise savait que sur un circuit rapide comme celui-ci elle aurait du mal à figurer aux avants postes, elle a toutefois réalisé un bon départ et une bonne course régulière et ce en présence d’un plateau digne d’une coupe du monde.

Elle termine à 1’47 de Denise Betsema intraitable depuis le début de saison et qui glane ici une nouvelle victoire. Lucinda Brand et Laura Verdonschot complètent le podium.

Pour la suite, Christine participera le week-end prochain à la coupe du monde à Namur.

Bei den Hären huet eng weider Kéier an dëser Saison den Hollänner Mathieu Van der Poel gewonnen. Hien hat eng Avance vun 1 Minutt an 2 Sekonnen op de Belsch Wout Van Aert an 1 Minutt a 4 Sekonnen op de Belsch Toon Aerts.