Zu Hochfilzen an Italien stoungen e Sonndeg déi lescht Coursse vum Biathlon-Weltcup um Programm. Bei den Hären huet d'Ekipp aus Schweden gewonnen.

Bei den Dammen huet Italien sech d'Victoire an der Staffel beim Biathlon-Weltcup zu Hochfilzen geséchert. Iwwert déi 4 Mol 6 Kilometer hu Vittozzi, Runggaldier, Wierer a Sanfilippo e Sonndeg eng staark Leeschtung gewisen. Um Enn hate si eng Avance vun 8 Sekonnen op d'Schwedinnen Persson, Brorsson, Nilsson, Oeberg. Um Podium stoungen nach d'Franséisinnen Chevalier, Simon, Aymonier, Bescond mat engem Réckstand vun 11 Sekonnen.

Däitschland hat duerch zwou Strofronnen näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn. Fir de Quartett Hinz, Preuß, Horchler an Hermann ass déi 7. Plaz op ronn 2 Minutten erausgesprongen.

Bei den Häre gouf et an der éischter Staffel vun dëser Saison eng Victoire fir Schweden. Den Olympiagewënner huet um Enn 5 Mol missen nolueden an hat no de 4 Mol 7,5 Kilometer e knappe Virsprong vun 3 Sekonnen op Norwegen, si waren ouni hiren Top-Biathlet Johannes Thignes Bö gestart. D'Norweger hu 7 Mol missen nolueden, fir feelerfräi ze bleiwen, dat dierft hinnen d'Victoire kascht hunn. Laang hat et duerno ausgesinn, wéi wann Italien sech déi drëtte Plaz kéint sécheren, ma si goufen op den zwou leschte Ronnen nach vun Däitschland agefaangen. Lesser a Co haten eemol missen an d'Strofronn goen an hu 6 extra-Patroune gebraucht. Si haten e Réckstand vun 28 Sekonnen.

Fir Frankräich war et e Sonndeg een Dag fir ze vergiessen. Mat 2 Strofronnen an 12 extra-Patrounen hat si näischt mat den éischte Plazen ze sinn. Um Enn war et déi 9. Plaz op 1 Minutt a 47 Sekonnen.

© AFP