Beim Schi-Alpin-Weltcup zu Alta Badia an Italien huet de Marcel Hirscher um Sonndeg op en Neits gewisen, datt de Moment keen him d'Waasser ka reechen.

E Sonndeg hu sech déi weltbescht Athleten am Riseslalom zu Alta Badia an Italien gemooss. Och dës Kéier war hei kee Kraut géint den Éisträicher Marcel Hirscher gewuess. Den 29 Joer ale Schifuerer hat ewell nom 1. Duerchgang e Virsprong vun 0,94 Sekonnen op de Schwed Matts Olsson an 1 Sekonn op de Schwäizer Marco Odermatt. Och am 2. Duerchgang huet den Hirscher bis op e klenge Feeler ee staarke Laf gewisen, sou datt hien um Enn mat engem Virsprong vun 2,53 Sekonnen op de Fransous Thomas Fanara gewonnen huet. Um Podium stoung mam Alexis Pinturault nach e weidere Fransous. Hien hat e Réckstand vun 2,69 Sekonnen. De Matts Olsson ass nach op déi 6. Plaz zeréckgefall an de Marc Odermatt gouf eliminéiert.

Fir den Hirscher ass et déi 61. Weltcup-Victoire an déi drëtt an dëser Saison no Victoiren am Slalom zu Levi a Finnland an dem Riseslalom zu Val d'Isere a Frankräich.

© Emile Gutenkauf