An der Bundesliga konnt sech Leipzig souverän mat 4:1 géint Mainz behaapten a Frankfurt huet Leverkusen geklappt.

An der Premier League huet donieft nach Chelsea mat 2:1 bei Brighton & Hove Albion gewonnen an déi 4. Plaz an der Tabell gefestegt. Si hunn elo 3 Punkten Avance op Arsenal, déi e Sonndeg no 22. Match emol nees eng Kéier verluer hunn an dat mat 2:3 géint Southampton.

A Frankräich huet Lille sech an Ënnerzuel mat 3:1 bei Olympique Nîmes gewonnen.

Am spuenesche Championnat bleift Sevilla op der zweeter Plaz, dat no enger 2:0-Victoire géint Girona. Un der Spëtzt bleift Barcelona mat engem Virsprong vun 3 Punkten, dat no engem klore 5:0 bei UD Levante

Jee zwee Goler vum Poulsen a vum Werner hunn e Sonndeg an der Bundesliga fir eng däitlech 4:1-Victoire vu Leipzig géint Mainz gesuergt.

Bundesliga

Leipzig - Mainz 4:1

Nom onnéidege K.o. an der Europa League huet Leipzig e Sonndeg mat enger 4:1-Victoire géint Mainz nees Selbstvertraue getankt, dat brauche se och, well déi nächst Woch waart Bayern München op si. Duerch d'Victoire bleift een och uewen an der Tabell mat dobäi, dat mat nëmmen zwee Punkte Réckstand op den FCB a Gladbach.

De Rangnick hat seng Ekipp e Sonndeg direkt op 8 Positioune verännert an huet de Werner an de Poulsen vun Ufank u bruecht. An enger monterer Ufanksphas hat den Halstenberg an der 5. Minutt scho bal fir den 1:0 vun der Lokalekipp gesuergt. Aus 5 Meter ass säi Kappball awer iwwert de Gol gaangen. Mainz huet am Ufank gutt matgehalen an och de Wee no vir gesicht. No gutt 10 Minutten huet Leipzig dunn awer richteg gedréckt an esou war et de Poulsen, deen an der 14. an an 19. Minutt no Flanke vu Kampl a Werner am Zentrum genee richteg stoung fir Leipzig mat 2:0 a Féierung ze bréngen. Déi komfortabel Féierung huet awer net fir déi néideg Sécherheet bei der Lokalekipp gesuergt an esou ass Mainz an der 38. Minutt duerch den Onisiwo den 1:2 gegléckt.

No der Paus ass den Niveau vun der Partie erofgaangen an duerch eng Rei Foulen ass de Spillfloss ëmmer nees ënnerbrach ginn. Leipzig ass et kaum nach gelongen d'Schnellegkeet vu Werner a Poulsen an Zeen ze setzen an och Mainz huet et un der néideger Präzisioun gefeelt, fir Offensiv geféierlech ze ginn. Geféierlech waren awer zwee Fräistéiss, dee vum Orban an der 63. Minutt fir Leipzig an dee vum Brosinski an der 73. Minutt fir Mainz, déi de Gol ganz knapp verpasst hunn. An der Schlussphas ass de Werner de Mainzer dunn awer nach zwee Mol entwëscht, sou datt et um Enn dach eng kloer 4:1-Victoire fir d'Ekipp vum Rangnick gouf.

Eintracht Frankfurt - Bayer Leverkusen 2:1

Frankfurt huet bis déi lescht Sekonn géint Leverkusen geziddert, um Enn huet een et awer fäerdeg bruecht fir den 2:1 ze halen an déi dräi Punkten doheem ze halen. An der 28. Minutt hat den da Costa Frankfurt a Féierung bruecht. Leverkusen huet an der éischter Hallschent och kee schlechte Match gemaach, ma dee leschte Punch huet an den Aktioune gefeelt. Nom Säitewiessel huet Frankfurt dunn nach eng Kéier nogeluecht. De Kostic huet an der 57. Minutt fir den 2:0 gesuergt. 8 Mniutte méi spéit ass du Leverkusen den 1:2 gelongen, dat duerch de Bellarabi. Leverkusen huet duerno probéiert fir de Match zu Frankfurt nach ze dréinen, huet Drock gemaach, ma e weidere Gol sollt hinnen trotz e puer gudde Chancen net geléngen, sou datt Frankfurt gewënnt.

Premier League

Brighton & Hove Albion - Chelsea 1:2

No der staarker Leeschtung géint Manchester City huet Chelsea e Sonndeg seng 4. Plaz an der Tabell gefestegt. D'Blues hunn nämlech bei Brighton & Hove Albion mat 2:1 gewonnen.

An der 17. Minutt hat de Pedro den 1:0 fir d'Gäscht geschoss. De Gol geet awer och zu grousse Stécker op de Kont vum Hazard. De Belsch war am Strofraum mat sengem Schoss wuel hänke bliwwen, ma huet dunn awer ganz séier reagéiert, ass no lénks an de Strofraum gezunn, huet de Ball op den zweete Potto gespillt, wou de Pedro komplett eleng stoung an de Ball ouni Problemer erageschoss huet. An der 33. Minutt huet den Hazard et du selwer gemaach. De Willian hat sech no engem mëssgléckte Pass vum Balogun dat ronnt Lieder an der eegener Hallschent geséchert an dunn den Hazard op d'Rees geschéckt. De Belsch ass eleng a Richtung Ryan gelaf, huet e kille Kapp virum Kipper behalen a souverän an de lénken Eck getraff.

An der 66. Minutt konnten d'Haushären duerch de March nach op 1:2 verkierzten. Chelsea huet duerno missen zidderen, ma huet um Enn seng 2:1-Féierung iwwert d'Zäit bruecht. Duerch d'Victoire huet Chelsea an der Tabell elo op der 4. Plaz 3 Punkte Virsprong op Arsenal, well si kruten um Sonndeg keng Punkten

Southampton - Arsenal 3:2

An enger spannender Partie huet Southampton fir d'éischte Kéier nom Abrëll erëm eng Kéier doheem gewonnen. Den Tabellen-19. huet Arsenal um Sonndeg mat 3:2 geklappt.

Southampton huet sech vun Ufank un géint Arsenal net verstoppt an huet direkt an den éischte Minutten ëmmer nees de séiere Wee no vir gesicht. An der 20. Minutt ass hinnen dunn och den 1:0 duerch den Ings gegléckt. Den Targett hat eng Flank vu lénks op den éischte Potto ginn an do huet den Ings mam Kapp de Ball am Gol ënnerbruecht. Arsenal huet do net gutt ausgesinn an d'Positiounen hunn net gestëmmt. E Grond eventuell, datt den Emery um Sonndeg direkt op dräi Inneverteideger (Holding, Mustafi a Sokratis) huet misse verzichten. Dëse Réckstand huet Arsenal net laang op sech sëtze gelooss. 8 Minutte méi spéit huet de Mkhitaryan no enger Flank vum Monreal vun der Grondlinn a Richtung Eelefmeterpunkt mam Kapp op 1:1 ausgeglach. Sekonne méi spéit waren d'Gäscht du bal a Féierung gaangen. De Bednarek konnt de Ball awer nach esou just klären, soss hätt den Aubameyang dësen iwwert d'Linn gedréckt. An enger ausgeglachener Partie ass kuerz virun der Paus Southampton den 2:1 gegléckt. No enger Flank vum Redmond ass de Koscielny drënner duerch gedaucht an de Lichtsteiner stoung net no genuch beim Ings, sou datt dëse ganz cool de Ball agekäppt huet.

No der Paus ass et Arsenal gelongen, eng weider Kéier auszegläichen. An der 53. Minutt huet de Mkhitaryan op 2:2 gesat an domadder war d'Partie nees op. D'Gäscht waren um Sonndeg awer net esou staark an dat huet Southampton gemierkt, si hunn trotz dem Ausgläich alles probéiert fir déi dräi Punkten eventuell awer nach doheem ze halen. D'Ekipp vum Hasenhüttel sollt dat och fäerdeg bréngen, well an der 88. Minutt huet den Austin mam Kapp den 3.2 geschoss. Och hei huet Arsenal net gutt ausgesinn an de Leno war ënnert dem Ball duerchgesprongen. Eng drëtte Kéier ass Arsenal den Ausgläich net méi gegléckt, sou datt si um Enn auswäerts mat 2:3 verléieren.

Fir Southampton ass et déi éischte Victoire zanter dem véierte Spilldag an eréischt déi zweet iwwerhaapt an dëser Saison.

Liverpool - Manchester United 3:1

E weidere staarken Optrëtt gouf et e Sonndeg vu Liverpool. D'Ekipp vum Klopp huet mat 3:1 géint ManUnited gewonnen a bleift domadder ongeschloen an un der Spëtzt vun der Tabell.

Liverpool hat zanter 8 Matcher de Klassiker géint Manchester United net méi gewonnen, um Sonndeg huet een dëser negativer Serie een Enn gesat. Mam Keita an der Startformatioun huet Liverpool d'Gäscht direkt staark ënner Drock gesat an hinne keng Loft fir ze ootme gelooss. Bei der Ekipp vum Mourinho ass et doduerch ëmmer nees Feeler am Opbau komm, sou datt Liverpool an der 7. an der 10. Minutt duerch de Firmino an de Fabinho zwou déck Chancen hat. An der 24. Minutt ass Liverpool dunn awer verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen. No engem perfekte Pass vum Fabinho op de Mané huet dëse fräi virum de Gea an de Filet gesat. An der 33. Minutt huet du ManUnited iwwerraschend ausgeglach. Dem Alisson war de Ball duerch d'Fangere gaangen, de Lingard war op Zack an huet op 1:1 gesat.

No der Paus war Liverpool weider iwwerleeën an et war nëmmen eng Saach vun der Zäit ier si nees a Féierung sollte goen, och wann de Géigner elo besser stoung, wéi nach am éischten Duerchgang. An der 73. Minutt war et dunn awer esouwäit an de Shaqiri huet d'Haushären nees mat 2:1 a Féierung bruecht. 7 Minutte méi spéit huet de Schwäizer mam 3:1 fir d'Decisioun gesuergt. Liverppol gewënnt also weider a bleift un der Spëtzt vun der Tabell, dat mat 1 Punkt Virsprong op Manchester City. D'Ekipp vum Guardiola hat um Samschdeg mat 3:1 géint Everton gewonnen.

Ligue 1

Olympique Nîmes - OSC Lille 2:3

Lille huet auswäerts géint Olympique Nîmes e Blëtzstart higeluecht. Direkt an der 4. Minutt ass een duerch de Leao a Féierung gaangen. Net esou gutt war dunn déi rout Kaart vum Fonte an der 16. Minutt. Lille war duerno an Ënnerzuel, ma konnt nawell nach virun der Paus d'Féierung duerch de Bamba an der 41. Minutt op 2:0 ausgläichen. No der Paus huet de Pepe an der 66. Minutt op 3:0 gesat. Et huet dunn no enger klorer Victoire vun der Ekipp vum Gerard Lopez ausgesinn. Um Enn war et dunn awer nach knapp. Nîmes huet nämlech an der 68. Minutt duerch den Alioui op 1:3 verkierzt an der Nospillzäit duerch den Depres nach op 2:3 gesat, fir méi sollt et dunn awer net méi duergoen.

OGC Nice - AS Saint-Etienne 1:1

Tëscht Nice a Saint-Etienne gouf et e Sonndeg kee Gewënner. Béid Ekippe si mat engem 1:1 vum Terrain gaangen. No den éischte 45 Minutte stoung et nach 0:0, ier dunn de Gäscht duerch den Diony an der 53. Minutt den 1:0 gegléckt ass. Duerno gouf et dunn e bësse méi hëtze. Fir d'éischt krut Nice mam Herelle e Spiller mat glat Rout vum Terrain gesat, ier dunn op der anerer Säit de Salibur mat Giel-Rout fréizäiteg an Dusch geschéckt ginn ass. An der 83. Minutt huet Nice een Eelefmeter genotzt, fir nach op 1:1 ze setzen an 1 Punkt doheem ze halen.

La Liga

Sevilla - Girona 2:0

Am spuenesche Championnat ass Sevilla senger Favoritteroll géint Girona gerecht an huet d'Partie mat 2:0 gewonnen. Nodeems et no der éischter Hallschent nach 0:0 stoung huet Sevilla an den zweete 45 Minutte fir d'Decisioun gesuergt. Fir d'éischt war et de Banega, deen d'Haushären an der 55. Minutt duerch een Eelefmeter a Féierung bruecht huet an dunn huet de Sarabia an der 64. Minutt op 2:0 erhéicht. Girona ass et net gegléckt, nach eng Kéier zeréck ze kommen, sou datt Sevilla mat 2:0 gewënnt. Duerch dës dräi Punkte bleift Sevilla an der Tabell op der 2. Plaz. Si hu genee wéi Atlético Madrid op der 3. Plaz 31 Punkten. Barcelona steet un der Spëtzt och mat 31 Punkten, ma si spillen e Sonndeg den Owend eréischt hire Match.

UD Levante - Barcelona 0:5

Barcelona huet UD Levante e Sonndeg den Owend absolut keng Chance gelooss. Auswäerts huet sech d'Ekipp duerch Goler vum Suarez, dem Messi an dem Piqué mat 5:0 duerchgesat. De Messi hat direkt 3 Mol getraff. An der Tabell bleift Barcelona op der 1. Plaz an huet 3 Punkte Virsprong op Sevilla an Atlético Madrid.

Serie A

Cagliari Calcio - SSC Neapel 0:1

AS Roum - CFC Genua 3:2