Den Taekwondo kann ee mat anerem asiatesche Kampfsport vergläichen, woubäi et bei dëser Kampfsportaart ëm Vitess an Dynamik geet.

Den Taekwondo ass hei am Land nach net esou bekannt wéi de Karate. Et feelt einfach nach eng Persoun déi an dëser Sportaart erausstécht, wéi zum Beispill ee Jenny Warling oder ee Kimberly Nelting. Fir d'Nationalekipp kommen d'Olympesch Spiller 2020 ze fréi. D'Zil sinn duerfir d'Spiller vun de klenge Länner dat Joer drop. Dëse Weekend stoung elo awer emol d'Championnat zu Kielen um Programm.

An der Finall vun der Kategorie -63 Kilogramm stounge sech de Sekouh Coulibaly vum Taekwondo Club aus der Stadt an de Sam Rau vum Taekwondo Club Gréiwemaacher géintiwwer. Am Chayu Matsogi, also dem Combat, deen 3 Mol 2 Minutten dauert, geet et drëms, de Géigner mat gezielte Schléi ze treffen. Et muss een och eng gewësse Kraaft realiséieren, fir dass dësen an der Punktetabell gezielt gëtt. Um Enn konnt sech de Sekouh Coulibaly duerchsetzen a gouf domat neie Champion a senger Kategorie.

De Poomsea war nieft dem Combat eng zousätzlech Disziplin op dësem Championnat. De Louis Feiereisen ass an dëser Disziplin mam Alexandra De Rosmorduc ugetrueden, wou si déi éischte Plaz gemaach hunn. Fir an dëser Disziplin Mouvementer esou Synchron wéi méiglech auszeféieren, brauch ee vill Training.

Den nächste grousse Rendez-vous ass an engem hallwe Joer. Am Juni sinn dann nees d'LuxOpen an der Coque programméiert.