E Méindeg an der Mëttesstonn goufen d'Matcher vun den Aachtelsfinallen an der Champions League ausgeloust.

Déi 16 Ekippen aus der Champions League waren an 2 Dëppen opgedeelt. Am 1. Dëppen waren d'Gewënner aus deene verschiddene Gruppen. Et waren dat:

Borussia Dortmund
FC Barcelona
Paris St. Germain
FC Porto
Bayern München
Manchester City
Real Madrid
Juventus Turin

Déi gesaten Ekippen hunn am Retourmatch Heemrecht.

Am 2. Dëppe waren dann déi Ekippen, déi an der Gruppephas op déi 2. Plaz an hirer Grupp komm sinn. Et waren dat:

Atletico Madrid
Tottenham Hotspurs
FC Liverpool
Schalke04
Ajax Amsterdam
Olympique Lyon
AS Roum
Manchester United

Ekippen, déi an der Gruppephas scho géintenee gespillt hunn, grad wéi Ekippen aus dem selwechte Land konnten an der Aachtelsfinall nach net openeen treffen. An der Aachtelsfinall gëtt dann och de Videobeweis agesat.

AUDIO: Auslousung vun der Champions League/Reportage Franky Hippert

Den Iwwerbléck vun den Aachtelsfinallen:

FC Schalke 04 - Manchester City 20. Februar an 12. Mäerz um 21 Auer

Atlético Madrid - Juventus Turin 20. Februar an 12. Mäerz um 21 Auer

Manchester United - Paris St. Germain 12. Februar a 6. Mäerz um 21 Auer

Tottenham Hotspurs - Borussia Dortmund 13. Februar a 5. Mäerz um 21 Auer

Olympique Lyonnais - FC Barcelona 19. Februar an 13. Mäerz um 21 Auer

AS Roum - FC Porto 12. Februar a 6. Mäerz um 21 Auer

Ajax Amsterdam - Real Madrid 13. Februar a 5. Mäerz um 21 Auer

FC Liverpool - FC Bayern München 19. Februar an 13. Mäerz um 21 Auer

D'Auslousung fir d'Véierelsfinallen ass de 15. Mäerz.