De 7-fache Formel 1-Weltmeeschter Michael Schumacher gouf den 3. Januar 2019 50 Joer al.

De siwefache Formel1 Weltmeeschter war den 29. Dezember 2013 verongléckt a gouf am September 2014 an d'Schwäiz rapatriéiert, wou hie weiderhi komplett ofgeschiermt ass vun der Ëffentlechkeet. De Michael Schumacher war deemools mam Kapp op engem Fiels opgeschloen. Säin Helm war dobäi futti gefuer. De fréiere Formel1 Pilot huet musse mat engem schwéieren Scheedel-Hir-Trauma noutoperéiert ginn.

© AFP

Seng Famill huet zanterhier keng Informatiounen iwwert de Papp vun engem Meedchen an engem Jong erausginn a verweist op seng Privatsphäre.

Och elo fir säi 50. Gebuertsdag huet sech dorunner net vill geännert. Seng Fra Corinna huet an engem Communiqué just wësse gelooss, dass seng Fans a Frënn sech kënne sécher sinn, dass hien an de beschten Hänn ass, an dass se alles maachen, fir him ze hëllefen. Seng Fra freet ëm Versteesdemech, wann ee sech nom Michael senge Wënsch géif riichten, a sou ee sensibelt Thema wéi Gesondheet, sou wéi fréier och, an der Privatsphär géif beloossen.

D'Famill seet am selwechten Ament awer och Merci fir d'Ënnerstëtzung a Frëndschaft a wënscht de Fans e gesond a glécklecht Joer 2019.

Fir de Fans e Kaddo ze maachen, huet d'Keep Fighting Foundation e virtuelle Musee geschaf, a Form vun enger App. Mat dëser App kann een dem Michael Schumacher seng Karriär nach emol Revue passéiere loossen. Domat wéilt een de Focus op dem Schumi seng Victoiren, seng Rekorder a säi Jubel leeën, an net op den dramateschen Accident vum 29. Dezember 2013.

VIDEO: Michael Schumacher: Déi bescht Momenter an der Course
Erënnerungen un déi aktiv Carrière vum F1-Champion, deen den 3. Januar 2019 50 kritt huet.

Schonn am Alter vu 4 Joer krut de Michael Schumacher vu sengem Papp ee selwergemaachte 5PS-staarke Kettcar. Dëst sollt den Ufank vun enger phenomenaler Carrière ginn, déi 1994 mam Weltmeeschtertitel an der Formel1 en éischten Héichpunkt erlieft huet. Mat 7 Weltmeeschtertitel hält den däitsche Sportler bis Haut nach de Rekord an der Formel 1. Nodeems en 2006 säi Récktrëtt aus dem Renngeschäft bekannt ginn huet, souz en vun 2010 bis 2013 awer nach eng kéier fir 3 Joer am Cockpit, bis en sech dunn awer definitiv zréckgezunn huet. Nieft senger Passioun fir de Motorsport ass en och nach e grousse Fan an och Member vum 1. FC Köln an ass allgemeng immens sportbegeeschtert.

AUDIO: 50 Joer Michael Schumacher: Rep. Max Richartz

2013 sollt sech säin a senger Famill hiert Liewen dunn awer tragescherweis drastesch änneren. De Rekordweltmeeschter war den 29. Dezember 2013 an de franséischen Alpen beim Schifuere verongléckt. En ass mam Kapp op engem Fiels opgeschloen an huet misse mat engem schwéiere Scheedel-Hir-Trauma noutoperéiert ginn. Zanter dem sinn net méi vill Informatiounen iwwert den Zoustand vum Michael Schumacher un d'Ëffentlechkeet komm.

Seng Fra Corinna huet an engem Communiqué just wësse gelooss, dass seng Fans a Frënn sech kënne sécher sinn, an dass se alles maachen, fir him ze hëllefen. Seng Fra freet ëm Versteesdemech, wann ee sech nom Michael senge Wënsch géif riichten, a sou ee sensibelt Thema wéi Gesondheet, sou wéi fréier, an der Privatsphär géif beloossen. D'Famill seet am selwechten Ament awer och Merci fir d'Ënnerstëtzung a Frëndschaft a wënscht de Fans e gesond a glécklecht Joer 2019.

© AFP