Vum 25. bis de 27. Januar ass nees den Euro Meet am Schwammen an der Coque. Et ass schonns déi 21. Editioun vum beléifte Schwamm-Meeting.

Mam David Verraszto huet ee weidere Spëtzeschwëmmer seng Participatioun beim Euro Meet confirméiert. Dem 30 Joer alen Ungar ass op europäescher Bühn den Titelhattrick iwwer 400 Meter 4Nages gegléckt, dat no de Victoiren 2014 zu Berlin, 2016 zu London an 2018 zu Glasgow. Bei der leschter WM 2017 huet hie virum eegene Public nëmmen dem US-Amerikaner Chase Kalisz de Virtrëtt misse loossen an huet Sëlwer gewonnen.

Mat dobäi ass 2019 och nees d'Katinka Hosszu. D'Ungarin ass zu Lëtzebuerg wuel keng onbekannt, well 2013 ass si beim Euro Meet op 15 Strecken an d'Finall komm a konnt 11 dovunner gewannen. Bei der nächster Editioun wäert d'Katinka Hosszu sech awer wuel op hir Haaptstrecke konzentréieren. Ëmmerhin ass si iwwer 100 Meter Réck, 200 a 400 Meter 4Nages Olympia-Gewënnerin an amtéierend Weltmeeschterin iwwer 200 a 400 Meter 4Nages.

D'lescht Woch huet déi 29 Joer al Ungarin bei de Weltmeeschterschaften am klenge Baseng 4 Titele gewonnen. Iwwer 100, 200 a 400 Meter 4Nages, sou wéi iwwer 200 Meter Papillon huet kee Wee laanscht d'Iron Lady gefouert. Als Zweet an der Gesamtwäertung vum Weltcup weist si sech nees an Toppform. Just déi schwedesch Sprint-Kinnigin Sarah Sjöström steet aktuell besser do.

D'Katinka Hosszu no hirer Victoire op den 200 Meter Papillon bei de Weltmeeschterschaften am klenge Baseng den 12. Dezember 2018 zu Hangzhou a China. / © AFP