Déi zweete Kéier hannertenee gouf den egyptesche Futtballstar, dee beim FC Liverpool spillt, um afrikanesche Kontinent zum Futtballer vum Joer gewielt.

Domadder konnt do Mohamed Salah sech géint säi Klubkolleg Sadio Mane aus dem Senegal an de Stiermer vun Arsenal London Pierre-Emerick Aubameyang aus dem Gabun an der Finalronn duerchsetzen. Beschten Nowuessspiller gouf de Verdeedeger Achraf Hakimi, deen aktuell vu Real Madrid u Borussia Dortmund ausgeléint ass.

Schonn an England gouf dem Salah zum Spiller vum Joer gewielt, dat souwuel vun de Fans, wéi och vun de Spiller aus der Premier League.