An der zweeter Däitscher Basketball-Bundesliga hunn d'Gladiators Tréier e Freideg den Owend mat 81:87 zu Chemnitz verluer.

An der 2. Däitscher Bundesliga vum Handball gewënnt d'Tina Welter mat de Waiblingen Tigers mat 27:26 géint Werder Bremen. Mat 7 perséinleche Goler war d'Lëtzebuergerin bescht Golgetterin fir d'Tigers.

Mat Waremme konnt de Chris Zuidberg an der éischter Beslcher Liga am Volleyball mat 3:2 géint Prefaxis Menen gewannen.

De Kamil Rychlicki huet e Samschdeg an Italien mat Ravenna een nawell ganz spannende Match mat 3:2 géint Monza gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 25 Punkte markéiert a gouf domat zum beschte Spiller vum Match gewielt.

An der éischter Liga am Basket an Holland gewënnt den Alex Laurent mat Den Helder mat 76:66 géint Leeuwarden. An der Tabell stinn se op der 6. Plaz vun 10 Ekippen.

Fir d'Gladiators Tréier an den Thomas Grün gouf et e Freideg den Owend an der zweeter Däitscher Basketball-Bundesliga keng Victoire zu Chemnitz. An enger enker Partie huet ee sech um Enn misse mat 81:87 (18:19, 25:23, 21:17, 17:28) géint de Leader geschloe ginn. De Lëtzebuerger huet 6 Punkte markéiert. No 18 Spilldeeg steet Tréier mat 18 Punkten an der Tabell op der 8. Plaz a géing den Ament de Sprong an d'Playoffs esou just packen.

D'Magaly Meynadier huet e Sonndeg mat de Wohnbau Angels 57:72 géint TK Hannover verluer. D'Lëtzebuergerin huet 2 Punkte markéiert a stoung 17 Minutte laang um Terrain.