Och zu Val di Fiemme an Italien gewënnt de Japaner Kobayashi virum Duo aus Polen, Dawid Kubacki a Kamil Stoch.

Momentan ass de Japaner Ryoyu Kobayashi net ze schloen fiert no senge 4 Victoiren op der Vierschanzentournee genau esou weider. Et waren 2 fantastesch Spréng vum Japaner (135 an 136 Meter) an huet domadder d'Konkurrenz deklasséiert. Et war e Virsprong vun 26,4 Punkten op de Kubacki. Op déi 3. Plaz koum de Kamil Stoch.