Zu Brouch goufen um Sonndeg déi nei Lëtzebuerger Championen am Cyclocross gesicht.

AUDIO: Resumé Cyclocross-Championnat / Reportage Lynn Kayser

Bei der Elite geet den Titel dëst Joer un de Vincent Dias dos Santos. Hien hat sech am zweeten Tour ofgesat an huet Tour fir Tour seng Avance ëmmer méi ausgebaut. Den Téitenger wënnt domat säin éischten Titel, dat virum Gusty Bausch an dem Scott Thiltges. Déi véiert Plaz ass fir de Lex Reichling. De Sören Nissen, de Champion vun 2018, hat näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn a war no engem schwaachen Depart scho fréi an der Course wäit no hannen zeréckgefall.

AUDIO: De Vincent Dias Dos Santos um RTL-Mikro
AUDIO: De Gusty Bausch um RTL-Mikro

Espoiren

Bei den Espoiren do ass et den Nicolas Kess, dee sech d'Victoire séchere konnt, dat virum Gewënner vum leschte Joer, dem Felix Schreiber. De Podium gouf komplettéiert vum Misch Leyder.

AUDIO: Den Nicolas Kess um RTL-Mikro

Dammen

10 Mol hannertenee konnt sech elo déi Lëtzebuerger Vëlosprofi Christine Majerus beim Cyclocross-Championnat bei den Dammen duerchsetzen. Domadder verdeedegt d'Christine Majerus hiren Titel, dat virum Elise Maes an dem Suzie Godart. D'Laetiti Maus séchert sech den Titel bei de Juniorinnen.

Klickt Iech duerch d'Fotoe vum Roland Miny op Pressphoto.rtl.lu. / © Roland Miny pressphoto.rtl.lu

AUDIO: D'Christine Majerus um RTL-Mikro

Masters

Lëtzebuerger Champion bei de Masters gouf de Jérôme Junker, dee säin Titel souverän verdeedege konnt. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Christian Weyland an de Serge Bertemes.

Debutanten

Bei den Debutante geet den Titel un de Mathieu Kockelmann. Hie konnt sech am éischten Tour ofsetzen an huet och dës Course, wéi schonn déi ganz Saison iwwer, dominéiert. Um Podium stoungen och nach den Noé Ury an iwwerraschend de Jo Schmitz. Bei de Meedercher konnt sech d'Marie Schreiber duerchsetzen.

Junioren

Bei de Juniore gouf et eng Victoire fir de Favorit Loïc Bettendorf. Bis den zweeten Tour war de Mik Esser nach bei him am Rad, ma dunn huet hie sech awer ofgesat an huet säi Virsprong bis zum Schluss vun de 40 Minutten ëmmer weider ausgebaut. Op d‘Plazen zwee an dräi sinn um Enn de Mik Esser an de Mats Wenzel gefuer. Si hunn domadder den Triplé fir den CT Atertdaul perfekt gemaach.

AUDIO: De Loïc Bettendorf um RTL-Mikro

© Roland Miny pressphoto.rtl.lu