De Racing klappt d'Kordall Steelers, Diddeleng an Esch kënne sech och behaapten.

Um Sonndeg hat de Leader vun Ettelbréck Steesel op Besuch.
E Samschdeg den Owend waren am Basket ewell déi aner Partie 17. Spilldag an der Total League bei den Hären a bei den Dammen.

Häre-Basket

Etzella - Steesel 86:84

Um Sonndeg hat den Tabelleleader vun Ettelbréck d'Amicale vu Steesel op Besuch.
Nodeems déi Steeseler de Start an d'Partie bësse verschlof haten, konnt d'Lokalformatioun vun der Etzella dëst ausnotzen, a sou konnte si sech och bis zum Schluss vum  éischte Véierel schonn eng Avance vun 10 Punkten erausspillen, sou dass et no 10 Minutten 29:19 fir d'Etzella stoung.
Am Laf vum zweete Véierel war et de Steeseler, ugefouert vum Bob Melcher, awer gelongen, de Réckstand lues a lues ze verkierzen a sou war et hinne gelongen, sech bis op ee Punkt un d'Etzella erunzekämpfen. Zur Halbzeit stoung et dann 45:44 fir déi Ettelbrécker.
Steesel war weider beméit, an et war hinnen och gelongen, sech d'Féierung géint d'Etzella ze erkämpfen. Eenzeg de William James McNutt konnt  d'Etzella am Spill halen, a sou hat virum leschte Véierel vill ob déi zweeten Defaite vun den Ettelbrécker am Championnat higedeit, dëst beim Stand vu 66:62 fir d'Gäscht.
Déi Ettelbrécker hunn net méi sou gutt getraff wéi nach am éischt Véierel ma um Enn konnt sech de Leader d'Victoire awer nach sécheren, dëst no enger opreegender a spannender Schlussphas.

Fiels - Musel Pikes 92:100

Wichteg Punkte fir d'Pikes an der Fiels
E Samschdeg hu sech am Basket-Championnat d'Musel Pikes mat 100:92 bei der Arantia Fiels behaapt.

Fir d'Musel Pikes huet um Samschdeg just eng Victoire gezielt, fir sech déi 6. Plaz am Championnat nach vun der Sparta ze erkämpfen.
Ma et waren awer d'Haushären aus der Fiels, déi de bessere start erwëscht haten. No 10 gespillte Minutte stoung et deementspriechend och 23:15 fir déi Fielsser. 
D'Pikes hu misse reagéiere, a dat hu si och gemaach. D'Arantia huet d'Kontroll iwwert d'Spill am zweete Véierel verluer a sou konnten d'Pikes sech erëm erukämpfen, a sou war et mat engem equilibréierte Score vun 44:44 an d'Paus gaangen.
D'Musel Pikes sinn duerno gutt zréck komm an et hat ee gespuert, dass si dës Victoire brauchen a wëllen. Och duerch ee staarken Tom Welter konnte sech d'Pikes liicht vun der Arantia ofsetze, sou dass si mat engem Avantage vun 11 Punkten an de leschte Véierel goungen.
No engem Laf am leschte Véierel konnt d'Arantia aus der Fiels nach eng kéier bis op 5 Punkten opschléissen, ma um Enn sollt et awer net duergoen a sou kenne sech d'Musel Pikes mat 100:92 duerchsetzen.

Racing - Kordall Steelers 91:74

D'Lokalekipp vum Racing hat ee staarke Start an d'Partie. No 2 Minutte louche si ewell mat 9:0 a Féierung. Et war hinne souguer gelongen, d'Avance am éischte Véierel weider auszebauen, dëst bis zum Stand vu 26:8 zu Gonschte vum Racing. 
Duerno sinn d'Steelers besser an de Match koum, ma den éischte Véierel goung awer mat 28:16 op de Compte vum Racing.
Am zweete Véierel huet de Racing awer erëm d'Heft an d'Hand geholl an den Tempo däitlech ugezunn. D'Kordall Steelers konnten dësen Tempo net méi matgoen a waren Offensiv ze schwaach ënnert dem Kuerf. Zur Hallschent war de Racing beim Stand vun 58:29 ewell 29 Punkten am Avantage.
Dës Avance hu si sech am drëtte Véierel net méi huele gelooss a sou war d'Partie virum lescht Véierel schonn zimlech entscheet. Mam Score vu 76:49 virun de leschten 10 Minutten war kloer, dass de Favorit sech duerchsetze kann.
De Racing hat näischt méi ubrenne gelooss, a sou stoung et um Enn 91:74 fir d'Lokalformatioun, déi domat hier 4. Plaz festegen.

Basket Esch - Sparta 94:70

D'Sparta wollt natierlech hir 6. Plaz am Championnat, deen Qualifikatioun fir de Playoff bedeite géif, verdeedegen, ma dëst sollt géint de Basket Esch awer eng schwiereg Aufgab ginn. Am éischte Véierel konnt d'Sparta den Tempo vun den Escher nach iwwert wäit Strecke matgoen, sou dass et nom éischte Véierel beim Stand vun 20:18 fir de Basket Esch no enger enker Partie ausgesinn hat.
Am zweete Véierel konnt d'Sparta awer net un déi gutt Leeschtung aus den éischten 10 Minutten uknäppen. Virun allem Offensiv huet net méi vill geklappt, a sou konnte sech déi Escher lues a lues ofsetzen sou dass et zu Halbzeit 43:29 fir d'Lokalekipp stoung. 
Am Ufank vum drëtte Véierel konnt de Basket Esch sech weider ofsetzen, ma et sollt awer net nëmme Positives aus der Sicht vun Esch ginn. Den Jeffrey Monteiro hat sech sou schwéier blesséiert, dass de Match huet missen ënnerbrach ginn an dass d'Ambulanz huet misse kommen.
Trotz der Verletzung an der Ënnerbriechung hunn sech déi Escher awer net aus dem Konzept brénge gelooss, a sou ware si mat engem Avantage vun 20 Punkten an de leschte Véierel gaangen.
Dës Féierung hu si sech bis zum Schluss net méi huele gelooss a sou steet et um Enn 94:70 zu Gonschte vun Esch.

© Serge Olmo

T71 Diddeleng - Residence Walfer 111:94

Den T71 hat iwwerdeems den Tabelleleschte vu Walfer op Besuch. Ugefouert vun engem ganz staarken Miles Jackson-Cartwright, deen um Enn 37 Punkten um Compte hat, hate sech déi Diddelenger vun Ufank un a Féierung gesat. Nom éischte Véierel haten déi Diddelenger sech eng Avance vun 11 Punkten erausgespillt, dëst beim Stand vu 27:16. 
Diddeleng war virun allem am Ballbesëtz ganz staark a sou konnte si och vill Punkte markéieren. Sou war et wéineg iwwerraschend, dass si bis zur Hallschent ewell 63 Punkten um Compte hat, wougéint d'Residence da zu dësem Zäitpunkt 41 hat. Soumat stoung et zur Paus 63:41 fir d'Lokalformatioun.
Un dëser komfortabeler Avance sollt sech och net méi vill änneren. Ganz am Géigendeel war et dem T71 gelongen, de Virsprong weider auszebauen a sou stoung et virum leschte Véierel 92:65. 
D'Gäscht hunn am leschte Véierel nach eemol alles probéiert, a konnten de Réckstand och verkierzen, ma um Enn wënnt Diddeleng relativ däitlech mat 111:97 géint Walfer.

Damme-Basket

Etzella - Amicale 70:95

Wolz - Musel Pikes 68:75

Konter - Gréngewald 62:73

Basket Esch - Sparta 65:67

T71 Diddeleng - Residence Walfer 71:62