Tottenham wënnt duerch ee Gol an der Nospillzäit, Manchester City wënnt ouni Problem a Florenz a Sampdoria trenne sech 3:3.

Um Sonndeg stoungen am internationale Futtball ënnert anerem de Schluss vum 18. Spilldag an der Bundesliga um Programm.

Bundesliga

Nürnberg - Hertha BSC 1:3

D'Gäscht aus der däitscher Haaptstad wollte sech mat enger Victoire weider un déi europäesch Plaze eruschläichen.  Dëst sollt hinnen géint Nürnberg och geléngen. An der 15. Spillminutt war et de Stiermer vun der Hertha, den Ibisevic, dee seng Faarwen a Féierung brénge konnt.
Kuerz virun der Paus war d'Defense vun de Berliner awer no engem Corner net organiséiert, a sou konnt de Behrens iwwerraschend ausgeglach.
Am zweeten Duerchgang konnt d'Hertha de Match dann awer erëm op hier Säit zéien. An der 50. Minutt ewéi och an der 70. Spillminutt war et den Duda, deen d'Supporter vun der Hertha feiere gelooss hat.
Um Enn verléiert Nürnberg also doheem mat 1:3.

Schalke - Wolfsburg 2:1

De Vizemeeschter aus dem Joer 2018 war fréi a Féierung gaangen. No engem Foul am Strofraum krut Schalke ee gerechtfäerdegten Eelefmeter zougesprach. Den Daniel Caligiuri hat sech dës Chance net huele gelooss a konnt de Ball am Filet ënnerbréngen.
Wolfsburg war awer net geschockt, a sou war et hinnen an der 20 Minutt a Persoun vum Rexhbecaj gelongen, den Ausgläich ze markéieren.
Um Enn war et awer erëm de Caligiuri, dee mat engem flotte Gol fir d'Entscheedung suerge konnt.

Premier League

Huddersfield - Manchester City 0:3

No der Victoire vu Liverpool um Samschdeg wollt Manchester City am Kampf ëm d'Meeschterschaft nozéien. Dëst sollt hinnen um Enn géint Huddersfield och geléngen.  An der 18. Minutt konnt den Danilo d'Gäscht a Féierung bréngen.
Nom Säitewiessel waren et an der 54. an an der 56. Minutt de Sterling an de Sané, déi fir d'Entscheedung gesuergt haten.
Um Enn konnt sech Manchester City ouni vill Méi d'Victoire sécheren.

Fulham - Tottenham 1:2

D'Gäscht, déi als Favorit an de Match gaange ware, sinn awer net gutt an de Match gestart. Duerch ee Selbstgol vum Fernando llorente konnten d'Haushären aus Fulham a Féierung goen. 
Nom Säitewiessel war et dann awer den Dele Alli, deen no enger Virlag vum Eriksen den 1:1-Remis markéiere konnt.
An der Nospillzäit konnt den Harry Winks Tottenham dann nach erléisen, sou dass sech de Favorit ënnert dem Stréch nach konnt mat 2:1 duerchsetzen.

Ligue 1

Caen - Marseille 0:1

Trotz engem klore Plus beim Ballbesëtz war et Marseille an den éischte 45 Minutte net gelongen, a Féierung ze goen.
Kuerz nom Säitewiessel war et dann an der 47. Spillminutt de Sanson, deem de Gol vum Dag gelonge war.
Nodeems de Gilbert op Säite vu Caen an der 51. Minutt vum Terrain gesat gouf, konnt Caen näischt méi dogéint setzen a sou verléiere si um Enn mat 0:1.

La Liga

Villareal - Athletic Bilbao 1:1

Am spuenesche Championnat gouf et am Match tëscht Villareal a Bilbao een 1:1 Remis. De Costa hat de ball an der 18. Minutt an den eegene Gol gedréckt, a sou Bilbao a Féierung bruecht.
An der 71. Minutt war et dem Ekambi dann awer nach gelongen, senge Faarwen ee punkt ze retten, a sou trenne sech Villareal an Athletic Bilbao 1:1.

Serie A

Florenz - Sampdoria 3:3

An engem ausgeglachene Match tëscht Florenz a Sampdoria Genua war et d'Lokalekipp, déi de bessere Start erwëscht haten. No 34 Minutte konnt de Muriel seng Faarwen a Féierung bréngen. Duerno hu si sech awer selwer geschwächt, dëst well de Fernandes an der 39. Minutt mat senger zweeter gieler Kaart vum Terrain huet misse goen.
Kuerz virun der Paus konnt de ramirez dann och ausgläichen.
An enger spannender Schlussphas war et de Muriel mat sengem zweete Gol, deen d'Lokalformatioun erëm a Féierung brénge konnt.
Duerch zwee Goler vum Quagliarella konnt Sampdoria da 5 Minutte viru Schluss esouguer a Féierung goen, ma dem Pezzella säi Gol an der Nospillzäit huet fir d'3:3-Schlussresultat se sécheren.