De Flavio Becca reagéiert am RTL-Interview op d'Rumeuren, hie wier intresséiert, sech beim 1.FC Kaiserslautern engagéiere wëllen.

Den 1.FC Kaiserslautern muss mol fir d'éischt Uerdnung a säin Duerchernee bréngen, an duerno muss een da kucken, ob et iwwerhaapt nach interessant genuch wär, fir sech beim Veräin aus der drëtter Däitscher Futtball-Bundesliga ze engagéieren.

Dat sot eis um Dënschdeg de Moien de Flavio Becca.

E Méindeg war jo an den Däitschen Medien ze liesen, datt beim 1.FCK déi eng Leit aus dem Opsiichtsrot Kontakt mat engem russeschen Investisseur haten, deen awer mëttlerweil schonn nees ofgesot huet, an anerer mam Lëtzebuerger Sportmäzen.

De Flavio Becca sot eis, datt déi Leit vu Kaiserslautern un hien erugetrueden wären. De Lëtzebuerger Geschäftsmann géif dat Ganzt um Betzenberg esou suivéieren wéi jiddereen, an ob hie rose iwwert déi aktuell Situatioun wär oder net, kéinten Däitsch Medien net wëssen, well hien hätt nach mat kengem geschwat.