Op den Australian Open steet bei den Hären déi éischt Halleffinall fest. De Rafael Nadal kritt et do mam Stefanos Tsitsipas ze dinn.

Et ass déi éischte Kéier, dass den Tsitsipas ënnert de leschte Véier bei engem vun de 4 Grand-Slam-Tournéiere steet. Déi aktuell Nummer 15 op der Welt huet um Dënschdeg de Moien eiser Zäit zu Melbourne mat 7-5, 4-6, 6-4 a 7-6 géint de Spuenier Roberto Bautista Agut gewonnen.

An der Aachtelsfinalle hat den eréischt 20 Joer ale Griich schonn de Schwäizer Titelverdeedeger Roger Federer eliminéiert.

En Donneschdeg spillt de Stefanos Tsitsipas an der Halleffinall géint déi fréier Nummer 1 Rafael Nadal. De Spuenier Nadal huet kloer an 3 Sätz, 6-3, 6-4 an 6-2 géint den US-Amerikaner Frances Tiafoe gewonn.

Bei den Dammen huet d'Amerikanerin Danielle Collins et an d'Halleffinalle vun den Australien Open gepackt. D'Nummer 35 op der Welt huet sech en Dënschdeg de Moien an dräi Sätz mat 2-6, 7-5 a 6-1 géint d'Russin Anastasia Pawlyutschenkowa duerchgesat.

D'Tschechin Petra Kvitova steet och an den Halleffinalle vun den Australien Open.

Nummer 6 op der Welt am Dammentennis huet sech mat 6-1 a 6-4 géint d'Ashleigh Barty aus Australien duerchgesat.
D'Nummer 15 an der Weltranglëscht.