Den Novak Djokovic steet an den Halleffinalle vun den Australian Open.

Déi aktuell Nummer 1 huet géint den Kei Nishikori gespillt, deen am 2. Saz beim Stand vun 4-1 huet misse verletzungsbedéngt opginn. Den éischte Saz hat de Serb scho mat 6-1 gewonnen.

Do trefft hien elo ob den Lucas Pouille. Déi aktuell Nummer 31 op der Welt steet domat fir d'éischte Kéier ënnert de leschte Véier vun engem Grand-Slam-Tournoi. De Lucas Pouille war dem Kanadier Milos Raonic a véier Sätz mat 7-6, 6-3, 6-7 a 6-4 iwwerleeën.

Out fir d'Serena Williams op den Australien Open. Si war an der Véierelsfinall der Karolina Pliskova an 3 Sätz mat 4-6, 6-4 a 5-7 ënnerleeën.

Déi amerikanesch Tennisspillerin war während dem Match ëmgeknéckst a war dono net méi 100%eg fit. Si konnt 4 Matchbäll net verwandelen. Déi laangjäreg Tennis-Weltranglëschtenéischt huet domat d'Chance op de Rekord vum 24. Titel bei engem Grand-Slam-Tournoi verpasst.

D'Tschechin Karolina Pliskova spillt elo en Donneschdeg an der Halleffinall géint d'Naomi Osaka aus Japan, déi mat 6:4 a 6:1 géint d'Jelena Svitoliva aus der Ukrain gewonnen huet.

An der anerer Halleffinall kënnt et zum Duell tëscht der Petra Kvitova an der Danielle Collins.