De Spuenier Rafael Nadal huet sengem griichesche Géigner Stefanos Tsitsipas keng Chance gelooss a gewënnt kloer an 3 Sätz an der Halleffinall.

Bei den Damme stinn d'Petra Kvitova an d'Naomi Osaka an der Finall vun den Australian Open. Déi tschechesch Tennisspillerin gewënnt an der Halleffinall an zwee Sätz mat 7-6 a 6-0 géint d'Amerikaner Danielle Collins.

VIDEO: Kvitova an Osaka fir d'Australien-Open-Finall qualifizéiert
Onkommentéiert Bildmaterial.

An där aner Halleffinall hunn d'Karolina Pliskova, d'Nummer 8 op der Welt, an d'Naomi Osaka, d'Nummer 4, géintenee gespillt. Den 1. Saz gewënnt d'Japanerin mat 6-2, iwwerdeems se den 2. mat 4-6 verléiert. Am 3. Saz behält d'Osaka d'Iwwerhand a gewënnt um Enn an 3 Sätz mat 6-2, 4-6 a 6-4.

Bei den Häre kann de Rafael Nadal sech kloer an 3 Sätz géint de jonke Griich Stefanos Tsitsipas duerchsetzen, dëst mat 6-2, 6-4 a 6-0. Domat trëfft den Nadal an der Final op de Gewënner aus dem Match Djokovic - Pouille.

Rafael Nadal fir d'Australien-Open-Finall qualifizéiert
Onkommentéiert Biller.