Déi jonk Lëtzebuergerin huet an 3 Sätz géint d'Daniela Vismane aus Lettland verluer.

D'Eléonora Molinaro gouf beim ITF-Tournoi zu Stuttgart, dee mat 15.000 US-Dollar dotéiert ass, an de Véierelsfinallen eliminéiert. D'Lëtzebuergerin huet mat 2:6, 6:4 an 3:6 géint d'Daniela Vismane aus Lettland verluer, d'Nummer 640 op der Welt. D'Lëtzebuergerin kënnt an der Weltranglëscht op déi 432. Plaz.