Zwee Spiller vu Wolz, déi an d'Kläpperei verwéckelt waren kruten eng Spär. Béid Veräiner dogéint Geldstrofen.

Am Futsal hat et eng Massekläpperei tëscht den Ekippe vu Wolz a Wëlwerwolz ginn. De Joao da Silva ass bis Enn Juli 2021 gespaart ginn a muss 750 Euro bezuelen. De Brian de Araujo bis Enn Abrëll dëst Joer a krut eng Geldstrof vun 300 Euro.

Parallel spille béid Veräiner déi nächst zwee Matcher « à huis clos». Donieft gouf et fir Wolz eng Geldstrof vun 1.029,50 Euro a fir Wëlwerwolz vu 575 Euro.