E Freideg den Owend huet de Leandro Barreiro seng éischt Minutten an der Bundesliga gespillt. Mainz koum hei mat 1:5 géint Leverkusen ënnert d'Rieder.

An der Däitscher Bundesliga konnt sech de Leandro Barreiro e Freideg iwwert säin éischten Asaz bei Mainz freeën. Den 19 Joer jonke Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an huet déi 90 Minutten duerchgespillt. An der 89. Minutt krut hien déi giel Kaart gewisen. Den Owend war fir de Barreiro a seng Ekipp awer net erfollegräich, well et war ee Leverkusen mat 1:5 ënnerleeën.

De Leandro Barreiro ass domadder nom Jeff Strasser nees deen éischte Lëtzebuerger zanter 2006, deen an der héchster Divisioun an Däitschland um Terrain steet.

De jonke Lëtzebuerger war 2016 bei den 1. FSV Mainz 05 an Däitschland gewiesselt. Bis ewell huet den 19 Joer ale Leandro Barreiro fir d'Jugendekippe vum Bundesligist gespillt a souz eng Kéier op der Bänk am däitsche Championnat. E Freideg den Owend um 20.30 Auer hat hien an der Bundesliga da säin éischten Optrëtt an der Startformatioun.

Fir Mainz an de Leandro Barreiro war et um Enn awer een Owend, fir ze vergiessen. D'Gäscht waren no 5 Minutten duerch e Gol vum Wendell a Féierung gaangen. Nëmme 4 Minutte méi spéit hat Mainz duerch de Quaison ausgeglach. D'Werkself huet duerno allerdéngs richteg opgedréint a konnt duerch den Havertz no 20 Minutten nees a Féierung goen. 10 Minutten drop huet et eng weider Kéier am Gol vun de Mainzer gerabbelt. De Brandt huet den 3:1 geschoss. Dëst sollt net de leschte Gol virun der Paus sinn an esou huet de Bellarabi no 43 Minutten op 4:1 gesat. Déi zweet 45 Minutten ass d'Ekipp vum Bosz e bësse méi roueg ugaangen. An der 64. Minutt huet de Brandt mam 5:1 fir d'Schlussresultat gesuergt. Domadder wënnt Leverkusen kloer géint Mainz.

Serie A

Am italienesche Championnat huet Chievo Verona mat 0:3 géint AS Roum verluer. D'Goler fir Roum hunn den El Shaarawy an der 9. Minutt, den Dzeko an der 18. Minutt an de Kolarov an der 51. Minutt geschoss.

© AFP

Ligue 1

Am franséische Championnat huet fir de Kont vum 24. Spilldag Olympique Marseille auswäerts mat 2:1 géint Dijon gewonnen. D'Lokalekipp war no 18 Minutten duerch de Marie a Féierung gaangen. Marseille ass et an der zweeter Hallschent awer gelongen, fir de Match ze dréinen. An der 56. Minutt hat de Balotelli op 1:1 gesat an an der 74. Minutt hat den Ocampos fir den 2:1 gesuergt. Déi 3 Punkte sinn doduerch mat op Marseille gaangen.

© AFP