An der Ligue 2 a Frankräich huet Metz sech e Samschdeg den Owend zu Lens misse mat engem 0:0 zefridde ginn.

Trotz dem 0:0-Remis géint Lens bleift Metz an der Ligue 2 a Frankräich un der Spëtzt vun der Tabell. De Laurent Jans souz bei Metz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

An der Ligue 2 hat Troyes mam Christopher Martins e Freideg den Owend mat 0:1 géint den FC Paris verluer. Den entscheedende Gol huet de Karamoko an der 84. Minutt fir d'Gäscht geschoss. De Lëtzebuerger Nationalspiller hat schonn an der 3. Minutt déi giel Kaart gewise kritt a gouf an der 86. Minutt ausgewiesselt. An der Tabell bleift Troyes nom 24. Spilldag op der 8. Plaz.

An der Belsch huet an der First Amateur Division Royal Excelsior Virton mat 0:1 géint Thes Sport verluer. Bei Virton stoungen den Anthony Moris, den Aurélien Joachim an de Lucas Prudhomme (ausgewiesselt an der 74. Minutt) an der Startformatioun.

An der National a Frankräich huet Pau mam Vincent Thill mat 0:1 géint Le Mans verluer. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain. An der Tabell steet Pau op der 8. Plaz.

An der Däitscher Futtball-Bundesliga stoung den 19 Joer jonke Leandro Barreiro e Freideg den Owend fir d'éischte Kéier an der Startformatioun vu Mainz 05. De Géigner war Bayer Leverkusen. No 90 Minutte koum ee mat 1:5 ënner d'Rieder.

AUDIO: Luc Holtz iwwer Lëtzebuerger Profien am Ausland / F. Hippert