Nodeems d'Eleonora Molinaro mat 7:5 a 6:2 géint d'Chiraz Bechri gewanne konnt, gewënnt och d'Mandy Minella mat 7:5 a 6:1 géint d'Ons Jabeur.

Den éischte Match vun dësem Duell huet d'Eleonora Molinaro (WTA 438) géint d'Chiraz Bechri (net klasséiert) bestridden. Am éischte Saz huet sech d'Molinaro nach e bësse schwéier gedoen mee konnt schlussëndlech mat 7:5 gewannen. Am 2. Saz huet d'Lëtzebuergerin da manner Problemer mat der Tuneserin kannt an huet mat 6:2 gewonnen. Sou huet d'Eleonora Molinaro den éischte Match zimlech souverän mat 2:0 gewonnen.

Am zweeten Eenzel krut d'Mandy Minella (WTA 99) et mam Ons Jabeur (WTA 56) ze dinn. Nodeems d'Minella am éischte Saz no engem Break géint sech iwwert déi meescht Zäit am Réckstand louch, konnt d'Lëtzebuergerin zum Schluss e Break realiséieren a konnt dësen dann och mat 7:5 gewannen. Am zweete Saz huet d'Mandy Minella der Tunesierin da keng Chance gelooss a gewënnt no enger staarker Prestatioun dësen mat 6:1. Den Dubbel gouf net méi gespillt.

AUDIO: Extrait Mandy Minella

Soumat gewënnt Lëtzebuerg géint Tunesien an huet den Opstig an d'Europa-Afrika-Grupp 1 perfekt gemaach.

VIDEO: FLT-Damme wanne géint Tunesien a maachen den Opstig perfekt
Nodeems d'Eleonora Molinaro mat 7:5 a 6:2 géint d'Chiraz Bechri gewanne konnt, gewënnt och d'Mandy Minella mat 7:5 a 6:2 géint d'Ons Jabeur.

D'Artikele vun de Matcher am Grupp

Klickt Iech duerch d'Fotoe vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu. / © pressphoto/ Roland Miny