E Samschdeg huet d'Noémie Pleimling beim internationale Meeting zu Offenburg an Däitschland de Speer 51 Meter a 45 Zentimeter wäit gehäit.

D'Lëtzebuergerin huet hiren nationale Rekord ëm 71 Zentimeter verbessert. Dëse war aus dem Summer 2018.