Um Samschdeg war den Ufank vum 2. Spilldag vum Six Nations Tournoi am Rugby. Irland a Wales setzen sech wéi erwaart duerch.

Um Sonndeg stoung nach ee Match vum 2.Spilldag um Programm. Um Enn hat England keng Problemer mat Frankräich a konnt sech 44:8 duerchsetzen.
Um Samschdeg huet Schottland mat 13:22 géint Irland verluer. Domadder konnten d'Irlänner sech no hirer Defaite am éischte Match géint England nees zeréck kafen. Och Wales huet seng Aufgab mat der 26:15-Victoire géint Italien erfëllt an ass domadder elo éischten an der Tabell.

Allerdéngs spillt England um Sonndeg géint Frankräich a kéint mat enger Victoire Wales un der Spëtzt nees ofléisen.