Bei der Weltmeeschterschaft am Schi Alpin zu Are a Schweden huet d'Lindsey Vonn hannert dem Ilka Stuhec an dem Corinne Suter Bronz an der Descente gewonnen

Fir d'Lindsey Vonn gouf et e Sonndeg bei der Weltmeeschterschaft am Schi Alpin ee perfekten Ofschloss vun hirer Karriär. D'US-Amerikanerin huet sech an hirer leschter Course an der Descente d'Bronzmedail geséchert.

Gold war fir d'Slowenin Ilka Stuhec. Si konnt sech mat engem Virsprong vun 23 Honnertstel virum Corinne Suter aus der Schwäiz behaapten. D'Lindsey Vonn hat e Réckstand vun 49 Honnertstel.

Wéinst ville Blessuren an de leschte Méint an och an dëser Saison hat d'Lindsey Vonn virun der WM decidéiert, datt si zu Are hir lescht Courssen an hirer Karriär géing fueren. Beim Super G war déi 34 Joer al Amerikanerin nach gefall, elo gouf et mat der Bronzmedail an der Descente nach ee gegléckten Ofschloss.