Tottenham klappt Leicester City, Düsseldorf wënnt géint Stuttgart a Monaco spillt 2:2 gläich.

Am europäesche Futtball stoungen um Sonndeg weider Matcher vum Championnat um Programm, dëst ënnert anerem mam Match tëscht Manchester City an dem FC Chelsea an der englescher Premier League.

Bundesliga

Werder Bremen - FC Augsburg 4:0

D'Lokalformatioun aus dem Norde vun Däitschland war excellent an d'Partie erakomm.
No nëmme 5 gespillte Minutten war et de Rashica, deen dem Kobel am Gol vun Augsburg keng Chance gelooss hat. D'Haushären hunn och duerno net labber gelooss, a nodeems den Eggestein an der 27. Minutt op 2:0 erhéije konnt, war et nëmmen 3 Minutte méi spéit erëm de Rashica, dee sech gutt duerchsetze konnt an de Ball mat engem flotte Schoss am Filet konnt ënnerbréngen. Sou hat no enger hallwer Stonn alles op eng Victoire vu Bremen higedeit.
Bremen huet de Match duerno verwalt a net vill zougelooss. De Schlusspunkt konnt de Möhwald setzen, dëst an der 83. Spillminutt.  Soumat hat Bremen keng Méi mat Augsburg a konnt 4:0 gewannen.

Fortuna Düsseldorf - VfB Stuttgart 3:0

An engem Duell géint den Ofstig haten d'Haushären dee bessere Start erwëscht. An der 34. Minutt konnt de Karaman d'Lokalekipp a Féierung bréngen. Och nom Wiessel war Düsseldorf déi geféierlech Ekipp a sou konnt de Fink an der 49. Minutt op 2:0 erhéijen.
Fir de Schlusspunkt konnt an der 85. Minutt de Raman suergen an op 3:0 erhéijen. An der Nospillzäit hat sech de Gonzalez op Säite vu Stuttgart net ënner Kontroll an krut no enger Tätegkeet déi rout Kaart.

Premier League

Tottenham Hotspur – Leicester City 3:1

An der englescher Premier League goung et fir d'Tottenham Hotspur an éischter Linn dorëms, den Uschloss u Liverpool a Manchester City net ze verléieren.
Si waren an der éischter Halschent och déi dominéierend Ekipp, ma et hat awer bis zur 33. Minutt gedauert éier de Sanchez no enger Flank vum Eriksen de Ball mam Kapp iwwert d'Linn drécke konnt.
Nom Säitewiessel hat Leicester dann d'Chance op den Ausgläich ma de Vardy konnt aus Eelefmeter awer net markéieren. 3 Minutte méi spéit konnt den Eriksen d'Avance ausbauen sou dass Tottenham no gutt enger Stonn mat 2:0 a Féierung louch. De Vardy konnt an der 76. Minutt nach den Uschloss markéieren , ma um Enn konnt Tottenham sech mat 3:1 behaapten, dëst well de Son an der Nospillzäit nach markéiere konnt.
Manchester City – FC Chelsea 6:0

Manchester City schéisst den FC Chelsea of. D'Ekipp vum Pep Guardiola hat de "Blues" vun Ufank u keng Chance gelooss. No 4 Minutte konnt de Sterling ewell fir d'Féierung suergen. Nodeems den Aguero an der 13. Minutt erhéije konnt, war et dem Argentinier nëmme 6 Minutte méi spéit gelongen, de Score op 3:0 ze stellen. No 25 Minutte war de Match scho sou gutt ewéi entscheet, dëst well de Gündogan de Ball am Filet ënnerbrénge konnt.
Nom Säitewiessel konnt den Aguero säin drëtte perséinleche Gol schéissen an de Sterling hat an der 80. Minutt fir de Schlusspunkt gesuergt.
Um Enn wënnt Manchester City also däitlech mat 6:0 a bleift een Titelfavorit an der Premier League.

Ligue 1

Montpellier – AS Monaco 2:2

An der Ligue 1 a Frankräich war Monaco no un enger Auswäertsvictoire, um Enn war et awer just 1 Punkt.
An der 14. Minutt konnt de Gelson Martins fir d'Féierung suergen. Duerno hat et bis zur 66. Minutt gedauert, éier de Laborde fir Monaco ausgläiche konnt. An enger spannender Schlussphas konnt de Falcao an der 82. Minutt d'Gäscht erëm a Féierung bréngen, ma an der 91. Minutt konnt den Delort duerch en Eelefmeter den 2:2 markéieren
An der Nospillzäit hat den Jemerson op Säite vu Monaco nach seng zweete giel Kaart gewise kritt, a sou huet e fréizäiteg misse vum Terrain goen. 
Um Enn war et dann och beim 2:2 bliwwen.
Guingamp – OSC Lille 0:2

Lille bleift weiderhin den éischte Verfolger vum PSG. An der 47. Minutt war et dem Leao gelongen, d'Gäscht a Féierung ze bréngen.
An der Nospillzäit konnt de Remy de Match dann entscheeden, dëst duerch een Eelefmeter.
Soumat bleift Lille fir mat dobäi a Guingamp bleift dee Leschten an der Ligue 1.

La Liga

Leganes – Betis Sevilla 3:0

Betis Sevilla wollt sech mat enger Victoire weider un d'europäesch Plazen eruntaaschten, ma dëst sollt hinnen awer net geléngen. Trotz vill Ballbesëtz konnte sech d'Gäscht net belounen a sou war et den En Nesyri, deen d'Lokalekipp no 22 Spillminutten a Féierung brénge konnt. An der 36. Minutt konnt den En Nesyri d'Avance op 2:0 ausbauen. Den Offensive konnt sech um Enn och zum Mann vum Match kréinen, dëst well hien an der 66. Minutt duerch säin 3. perséinleche Gol fir d'Entscheedung suerge konnt.
An der 80. Minutt krut de Garcia op Säite vu Betis dann nach déi rout Kaart a sou konnt sech Leganes um Enn mat 3:0 duerchsetzen.

Valencia – Real Sociedad 0:0

Serie A

Sassuolo Calcio - Juventus Turin 0:3

An Italien bleift Juventus Turin un der Spëtzt.
An der 23. Minutt konnt de Khedira seng Faarwen a Féierung bréngen. Duerno war et de Cristiano Ronaldo, deen an der 70. Minutt erhéije konnt. An der 86. Minutt hat de Portugis dem Can de Ball virgeluecht, dee fir d'3:0-Schlussresultat treffe konnt.