D'Lëtzebuergerin gouf um Enn dat 4. a verpasst de nationale Rekord nëmmen ëm 6 Honnertstel.

Um Sonndeg stoung zu Metz den internationalen Indoor Meeting um Programm, wou direkt eng Partie Lëtzebuerger am Asaz waren.

Bei de 60 Meter koum d'Anais Bauer mat enger Zäit vu 7 Sekonne 65 Honnertstel iwwert de wäisse Stréch.
D'Patrizia van der Weken konnt sech a sengem Virlaf mat enger Zäit vu 7 Sekonnen a 45 Honnertstel fir d'Finall qualifizéieren. Hei gouf d'Lëtzebuergerin um Enn dat 4. mat enger Zäit vu 7 Sekonnen a 44 Honnertstel an hat den nationale Rekord domat ëm 6 Honnertstel verpasst.

D'Charline Mathias konnt iwwert 800 Meter mat enger Zäit vun 2 Minutten, 6 Sekonnen a 4 Honnertstel op déi 6. Plaz lafen. Den nationale Rekord verpasst d'Lëtzebuergerin domat op iwwer 2 Sekonne.

Bei den 1.500 Meter koum d'Pascale Schmoetten-Steffen mat enger Zäit vu 5 Minutten, 12 Sekonnen an 58 Honnertstel an d'Zil.

Den Aymen Djazouli koum bei den Hären iwwert 800 Meter mat enger Zäit vun 1 Minutt, 57 Sekonnen a 34 Honnertstel op déi 7. Plaz an der Finall.

De Charel Grethen war iwwert 1.500 Meter am Asaz. Hie gouf um Enn mat enger Zäit vun 3 Minutten, 47 Sekonnen a 67 Honnertstel dee 7. a konnt den nationale Rekord och net verbesseren, dëst well hien iwwert 3 Sekonne méi lues war ewéi d'lescht Woch, wou en dësen nach gebrach hat.