Am General bleift de Japaner Ryoyu Kobayashi de Leader.

Am internationale Schisprange stoung um Sonndeg de Weltcup zu Lahti a Finnland um Programm, dëst vun der grousser Schanz.
Um Enn konnt sech de Kamil Stoch aus Polen kloer duerchsetzen. Hien hat um Enn ronn 17 Punkten Avance op de Ryoyu Kobayashi aus Japan, deen op déi zweete Plaz koum.
Drëtte gouf de Robert Johansson aus Norwegen.

Am General bleift de Kobayashi a Féierung, dëst mat 1460 Punkten. De Kamil Stoch aus Polen ass hei den Zweeten. Hien huet 1029 Punkten op sengem Compte.