D'Membere vum Verbandsgeriicht vun der Lëtzebuerger Tennis-Federatioun hunn d'Press an d'FLT e Méindeg informéiert, datt si geschlossen zerécktrieden.

D'Membere sinn net frou, datt si am Virfeld vun der ausseruerdentlecher Generalversammlung, déi den 22. September zejoert war, net consultéiert goufen.

Déi 7 Membere ronderëm de President Marco Pütz sinn och net mat enger Rei Ännerungen, déi op der Assemblée gestëmmt goufen, averstanen.