Keng gutt Nouvelle fir d’Jeunesse. Den Antonio Luisi wäert op d'mannst déi nächst 9 Méint ausfalen. Dat huet de Veräin och um Dënschdeg bestätegt.

De Stiermer, deen vun deenen Diddelenger op d’Grenz ausgeléint ass, krut elo vum Dokter Seil a vum Dokter Kayser confirméiert, datt net nëmmen d’Ausseband, ma och Kräizbänner eng erwëscht hunn, an eng Operatioun neideg ass.

De Luisi, deen an den 13 éischte Championnatsmatcher 9 Goler geschoss hat an de Mann vun der Allerronn bei deene Schwarz-Wäissen war, hat sech lo an der Preparatioun an engem Testmatch géint d’Eintracht vun Tréier blesséiert.