Wéi Sky Däitschland mellt, ass Dortmund en Dënschdeg ouni Marco Reus op London geflunn. Och de Paco Alcacer, Julian Weigl a Lukas Piszczek hunn gefeelt.

Den Edeljoker vum BVB, de Paco Alcacer, fält wéinst enger Schëllerblessur iwwerraschend aus. Och béid Defensivspezialiste Julian Weigl (Gripp) a Lukas Piszczek (Problemer mat der Feescht) sinn net an de Fliger geklomm.

Den Trainer Lucien Favre muss sech fir de Match géint Tottenham also eng afale loossen.

Den englesche Veräin aus der Premier League ass allerdéngs och net vu Verletzunge verschount bliwwen. Fir den Match géint Dortmund falen op der Säit vun Tottenham den Harry Kane (Bännerrëss am Spronggelenk, scho méi laang bekannt) an den Dele Alli (Uewerschenkelzerrung) aus.