E Mëttwoch den Owend um 18 Auer spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp zu Kanech en Testmatch géint Saarbrécken aus der Däitscher Regionalliga.

Den Dan Da Mota, deem Abus de faiblesse virgeheit gëtt an doduerch och kuerz an Untersuchungshaft souz, mëttlerweil awer nees op fräiem Fouss ass, wäert awer nach net dobäi sinn. A ce stade gëllt d'Onscholdsvermuddung, dat gesäit de Lëtzebuerger Foussballnationaltrainer Luc Holtz och esou. De Luc Holtz huet Gespréicher mat Lëtzebuerger Nationalspiller gefouert an hie betount, dass hien eben 3 Woche laang net trainéiere konnt an hien dëst misst nohuelen. Esoubal den Dan da Mota awer nees zu senger Form fënnt, wäert hie wuel nees an de Kader kommen.

AUDIO: Futtballnationalekipp/Reportage Franky Hippert

Da war den FLF-Trainer och am Trainingslager vun New York City FC an den Emiraten, fir mam Maxime Chanot an deem sengem Clubtrainer ze schwätzen. Den Domenec Torrent war jo 20 Joer Co-Trainer vum Pep Guardiola, ee vun den Trainer-Virbiller vum Luc Holtz.

Fir de Match e Mëttwoch géint Saarbrécken sollen eng Rei nei Gesichter getest ginn. De geneeë Kader deelt den Nationaltrainer awer eréischt en Dënschdeg am Laf vum Dag mat.

Et soll awer elo och esou sinn, datt nieft deenen Diddelenger Spiller, och déi Lëtzebuerger Nationalspiller vu Virton net fräigestallt géife ginn.

Den FLF-Nationaltrainer huet déi 21 Spiller matgedeelt, déi fir déi Partie zeréckbehale goufen. Dobäi sinn eng éischte Kéier den Dylan Kuete, 18 Joer vu Kaiserslautern an de Mathias Olesen, 18 Joer vun der Eintracht vun Tréier. Dann huet de Luc Holtz och eng Rei Spiller geruff, déi fir hir gutt Hironn am Championnat sech am Dress vun de Roude Léiwe solle beweise kënnen, wéi zum Beispill de Milos Todorovic vun der Jeunesse, de Ryan Klapp vun der Fola, oder och nach säi Fils de Kevin Holtz, dee staark Optrëtter bei der Etzella hat.

De Kader vun der FLF-Selektioun

1. ALEIXO DELGADO Ricardo 22.02.1994 Jeunesse Esch
2. BENSI Stefano 11.08.1988 CS Fola Esch
3. BOHNERT Florian 09.11.1997 FK Pirmasens (D)
4. CARLSON Dirk 01.04.1998 Grasshoppers Club Zürech (CH)
5. CZEKANOWICZ Youn 08.08.2000 FC Progrès Nidderkuer
6. HALL Tim 15.04.1997 FC Progrès Nidderkuer
7. HOLTZ Kevin 06.03.1993 Etzella Ettelbréck
8. JÄNISCH Mathias 27.08.1990 FC Déifferdeng 03
9. KLAPP Ryan 10.01.1993 CS Fola Esch
10. LATERZA Tom 09.05.1992 CS Fola Esch
11. MARTINS DA GRACA Marvin 17.02.1995 FC Progrès Nidderkuer
12. MATIAS MARQUES YANN 12.11.1996 FC Progrès Nidderkuer
13. MURATOVIC Edvin 15.02.1997 FC Déifferdeng 03
14. MUTSCH Mario 03.09.1984 FC Progrès Nidderkuer
15. NSIDJINE KUETE Dylan Loïc 12.07.2000 1. FC Kaiserslautern (D)
16. OLESEN Mathias 21.03.2001 SV Eintracht Tréier 05 (D)
17. SCHON Ralph 20.01.1990 FC Una Strassen
18. SIMON Pit 17.02.1998 Racing FC Union Luxembourg
19. SKENDEROVIC Aldin 28.06.1997 SV Elversberg 07 (D)
20. THILL Sébastien 29.12.1993 FC Progrès Nidderkuer
21. TODOROVIC Milos 18.08.1995 Jeunesse Esch