E kuerzen Optrëtt hat d'Eléonora Molinaro beim ITF-Tennis-Tournoi zu Trnava an der Slowakei. Fir d'Lëtzebuergerin war et och am Dubbel direkt den Out.

Beim ITF-Tournoi zu Trnava an der Slowakei hat d'Eléonora Molinaro an der 1. Ronn keng Chance géint Tschechin Anastasia Zarycka. D'Lëtzebuergerin huet an 2 Sätz mat 3:6 an 2:6 no 1 Stonn an 11 Minutte verluer. Zarycka ass beim Tournoi op Nummer 8 gesat a steet am WTA-Ranking op der 218. Plaz. D'Molinaro ass aktuell d'Nummer 440.

Am Dubbel war d'Eléonora Molinaro schonn en Dënschdeg eliminéiert ginn. Mat hirer Partnerin Kseniia Becker aus Däitschland hat ee mat zweemol 4:6 géint déi italienesch-russesch Koppel Angelica Moratelli / Dejana Radanovic verluer.