E Samschdeg gouf et iwwerraschend den Out fir den Eric Glod a Carlo Feltes am Hären-Dubbel géint de Kevin Fickinger an Yves Tonon.

Eenzel

Am Eenzel bei den ren huet sech de Luka Mladenovic a senger Véierelsfinall kloer mat 4:0 géint de Kevin Kubica behaapt. Genau esou däitlech konnt sech de Gilles Michely duerchsetzen. Hie klappt den Arlindo de Sousa mat 4:0.

Den Titelverdeedeger Eric Glod huet och absolut näischt ubrenne gelooss beim 4:1 géint den Ademir Balaban. Méi enk war et dann awer am Match tëscht dem Traian Ciociu an dem Christian Kill. Um Enn konnt sech de Christian Kill awer mat 4:2 behaapten. D'Halleffinallen e Sonndeg sinn deemno:
Luka Mladenovic - Gilles Michely

Christian Kill - Eric Glod

Bei den Damme spillt an der Halleffinall d‘Tessy Gonderinger géint d‘Egle Tamasauskaite. An der zweeter Halleffinall kritt d‘Sarah de Nutte et mam Lena Grein ze dinn, dat sech mat 4:2 géint d‘Carole Hartmann duerchsetze konnt. D'Halleffinallen e Sonndeg sinn deemno:

Tessy Gonderinger - Egle Tamasauskaite

Sarah de Nutte - Lena Grein

Dubbel

Am Hären Dubbel war et da ganz iwwerraschend an der Aachtelsfinall d'Aus fir den Titelverdeedeger. Den Eric Glod an de Carlo Feltes hu sech nämlech mat 2:3 dem Kevin Fickinger an dem Yves Tonon misse geschloe ginn.

Am Dammen Dubbel kënnt et no der Qualifikatioun an der Coque um Samschdeg zu dësen Ausernanersetzungen an den Halleffinallen um Sonndeg:

Carole Hartmann an Egle Tamasauskaite - Lorella Mezzapesa a Martine Simon

Sarah de Nutte an Tessy Gonderinger - Jennifer Boes an Ariel Barbosa

Dëschtennis Championnat an der Coque
De Weekend vum 16. a 17. Februar gëtt an der Coque um Kierchbierg d'Championnat am Dëschtennis ausgedroen.

D‘Titelverdeedeger am Dubbel Mixte, de Christian Kill an d‘Carole Hartmann goufen iwwerraschend an der Aachtelsfinall vum Tom Ullmann a Michelle Modert eliminéiert. No de Qualifikatiounsmatcher um Samschdeg sti fir de Sonndeg folgend Halleffinallen am Dubbel Mixte:

Eric Glod a Martine Simon - Luka Mladenovic a Sarah de Nutte

Kevin Kubica a Jennifer Boes - Luc Michely an Tessy Gonderinger

Déi grouss Favoritin Danielle Konsbruck ass krank an huet dofir net matgespillt. Doduerch koum et och zu Ännerungen am Tableau. Ënnert anerem huet d‘Tessy Gonderinger ebe mam Luc Michely gespillt, deen eigentlech mam Dani Konsbruck spille sollt.