Keng Chance hat e Sonndeg de Matthieu Osch am WM-Slalom zu Are a Schweden. No 35 Sekonne war fir de jonke Lëtzebuerger Schluss.

De Marcel Hirscher aus Éisträich feiert soumat säin drëtte Weltmeeschterschaftstitel. Op d'Podium hunn et awer nach zwee weider Éisträicher gepackt. Op déi 2. Plaz kënnt de Micheal Matt mat engem Réckstand vun 0.65 Sekonnen, virum Marco Schwarz, dee mat engem Réckstand vun 0.76 Sekonne Bronze gewënnt.

Fir de Matthieu Osch war d'Slalom-Course e Sonndeg bei der Weltmeeschterschaft zu Are a Schweden no 35 Sekonnen eriwwer. De Lëtzebuerger ass am 1. Duerchgang ausgefall an domadder war d'WM fir de Lëtzebuerger séier eriwwer.