No 19 Specialen hat den Toyota-Pilot e Virsprong vun 53 Sekonnen op de Citroën-Pilot Esapekka Lappi.

Den Ott Tänak huet de Rallye Schweden, den 2. Laf vun der WRC-Rallye-Weltmeescherschaft, gewonnen. No 19 Specialen iwwert méi ewéi 300 Kilometer, hat de Pilot aus Estland zu Torsby um Enn e Virsprong vun 53,7 Sekonnen op de Citroën-Pilot Esapekka Lappi. Drëtte gëtt de Belsch Thierry Neuville op Hyundai.

De Sebastien Ogier op Citroën hat wéinst engem Accident e Freiden de Rallye ofgebrach.

Well de Schnéi op der Streck geschmolt ass, haten d’Pilote mat schwéiere Konditiounen ze kämpfen, esou datt net een eenzege Fuerer ouni Fuerfeeler d’Arrivée areecht huet. Zum Beispill hat sech den Thierry Neuville e puer Mol gedréint mam Auto a gouf um Enn awer nach deen 3.