Wéi all Joer sinn d'Ekippen op Barcelona komm, fir déi nei F1-Autoen fir d'Saison 2019 op Häerz an Nieren ze testen.

Et ass nees esou wäit, d’Formel 1 Autoe fir d’Saison 2019 gi bei der éischter Sessioun vun de Wantertester vum 18. bis den 21. Februar zu Montmelo, knapp 40 Kilometer nërdlech vu Barcelona op Häerz an Niere getest. Eise Reporter Jeannot Boesen war mat dobäi a liwwert ons Andréck a Resultater vum éischte Rollout dëst Joer.

Wat ännert an der neier Saison?

An der Formel 1 ginn et net nëmmen Ännerunge bei den Equipagen an de verschiddenen Ecurien, ma och technesch huet munches fir 2019 geännert.
Technescht Reglement

Et goufen eng ganz Rei technesch Ännerungen am Beräich vun der Aerodynamik, spréch Front- an Heckspoiler gemaach, déi et sollen erlaben, dass wärend engem Grand Prix méi kann iwwerholl ginn. An anere Wierder, wëll een domadder d’Course méi spannend maachen. Sou ass zum Beispill de Frontspoiler vun 1800 op 2000mm an den Heckspoiler vun 950 op 1050mm verbreet ginn. Ausserdeem sinn di sougenannte Winglets un der Bremslüftung verbueden. D’Limitt vum Bensinsverbrauch (110 kg) ass, genau esou wéi d’Mindestgewicht (743 kg) vum Auto an d’Luucht gehuewe ginn, fir dass d’Piloten och richteg kënne Gas ginn.

© Jeannot Boesen

Sécherheet a Pneuen

Fir d’Sécherheet vun de Piloten ze erhéijen, goufen nei Händchen erfonnt, déi de Bols an d’Sauerstoffsättegung moossen an un de Kommandostand schécken, fir dass een de Gesondheetszoustand vun all Pilot kann iwwerwaachen. Nei Helmer ginn och dëst Joer benotzt an d’Mindestgewiicht vun all Fuerer ass mat der Kombi, Helm a Sëtz op 80 Kilogramm festgeluecht ginn. Et gëtt och eng nei Onboard-Kamera déi an den Halo, de Carbon-Bigel iwwer dem Cockpit, agebaut gëtt, fir dass de Fernseh-Zuschauer nach besser soll d’Gefill kréie selwer am Auto ze sëtzen. Pirelli baut nëmmen nach 5 verschidde Pneuen, vun deene bei all Grand Prix 3 Mëschungen duerfen ausgewielt ginn.

© Jeannot Boesen

D’Equipagen

An der Iwwersiicht vun den Teams stelle mer fest, dass Mercedes an Haas mat de selwechte Piloten untriede wéi 2018, an dass Toro Rosso, McLaren a Williams mat jeweils zwee neie Piloten untrieden. D’Ekipp vu Red Bull setzt dëst Joer mat Honda als Partner op en neie Motor. An di Schwäizer Écurie Sauber gouf ëmgedeeft an Alfa Romeo Racing.

Dat heescht bei deene Sëlwer-Groe mam Stär ass de Weltmeeschter Lewis Hamilton an de Finn Valteri Bottas am Asaz, beim Rich Energy Haas F1 Team de Kevin Magnussen an de Romain Grosjean.

© Jeannot Boesen

De Kimi Räikkönen, dee bei Alfa Romeo nieft dem F2-Pilot Antonio Giovanazzi fiert, ass bei Ferrari ersat ginn duerch de Monegass Charles Leclerc, dee sech extrem freet op eng Zesummenaarbecht mam Sebastian Vettel.

© Jeannot Boesen

Bei Red Bull ass an der Plaz vum Daniel Ricciardo, deen nieft dem Niko Hülkenberg bei Renault fiert, de Pierre Gasly dëst Joer Co-Equipier vum Max Verstappen.

Bei Toro Rosso fiert nieft dem F2-Pilot Alexander Albon nees eng Kéier de Russ Daniil Kwjat, deen do schonn 2014, 2016 an 2017 gefuer ass.

McLaren setzt op de Spuenier Carlos Sainz Jr. an de Lando Norris, sengersäits och aus der Formel 2.

De Sergio Perez huet am Sport Pesa Racing Team de Kanadier Lance Stroll, deem säi Papp de fréiere Force India Rennstall opkaf huet, en neie Co-Equipier.

Da bleift nach den Traditiouns Rennstall Williams, déi mam jonken F2-Meeschter George Russell a mam Robert Kubica eng ganz interessant Kombinatioun ze bidden hunn. De Robert Kubica hat e schroe Rallye-Accident am Februar 2011 a feiert elo säi Comeback.

4. Dag

De leschten Dag vun der éischter Testwoch zu Barcelona huet mat engem Sonnestral fir d‘Supporter vum Robert Kubica ugefaangen. Hie konnt en Donneschdeg de Mueren eng Rei vu Ronne mam Williams dréien. Um Ufank vun der Sessioun  hat de Lando Norris säi McLaren an d‘Kräsi geparkt. De Lewis Hamilton huet e bëssen op de Gas gedréckt an hat bis 11.30 Auer di séiersten Zäit mat 1:17.913 an de Charles Leclerc um Ferrari kënnt mat 1:18.065 no erun.

D‘Iwwerraschung koum kuerz drop vum Daniel Ricciardo, deen de Renault mat 1:17.785 virun de Weltmeeschter gesat huet. Och den Alex Albon, den iwwregens mat grénge Luuchten um hënneschte Spoiler fiert, wat wëll heeschen, dass hien am Moment nach keng F1 Superlizenz huet, genau ewéi de Pietro Fittipaldi, dréint mächteg op a bréngt eng 1:17.637 op den Asphalt.  De Leclerc um Ferrari goung kuerz an de Kräsi virun der Mëttespaus. Am Donneschdeg de Nomëtten ass de Bottas um Mercedes ënnerwee a fiert mat 1:17.935 op di drëtt Plaz. Och de George Russell duerf mat Williams eraus a bréngt et op 1:20.997. Géint 16.30 Auer huet den Hülkenberg säi Renault mat 1:17.393 op di éischt Plaz, mee kuerz duerno ass de Renault nët méi gaangen. Am fläissegste waren en Donneschdeg Giovanazzi mat 154, Gasly 146, Leclerc 138 an Albon 136 Ronnen. RESULTATER:

1.- HÜLKENBERG            Renault                1:17.393

2.- ALBON                           Toro Rosso         1:17.637

3.- RICCIARDO                  Renault                1:17.785

4.- BOTTAS                         Mercedes           1:17.857

5.- HAMILTON                  Mercedes           1:17.977

6.- LECLERC                        Ferrari                  1:18.046

7.- NORRIS                         McLaren              1:18.431

8.- GIOVANAZZI                Alfa Romeo        1:18.511

9.- GROSJEAN                   Haas                      1:18.563

10.- MAGNUSSEN           Haas                      1:18.720

3. Dag

Den Dag 3 huet relativ bedeckt ugefaangen, d‘Sonn ass net richteg erauskomm. Si huet awer an der Williams-Box geschéngt, well de Mëttwoch de Moien ass den neien Auto ukomm an d‘Mechaniker ware kräfteg am Asaz, fir den Auto zesummen ze bauen an nach e puer Ronnen ze dréinen.

De Séiersten e Mëttwoch de Moie war de Kimi Räikkönen um Alfa Romeo. Mat enger Zäit vun 1:17.762 war hie bal eng hallef Sekonn méi séier wéi de Vettel um Ferrari. Den Niko Hülkenberg um Renault huet sech och gutt druginn a kënnt op eng héich 1:18er Zäit, wärend de Valtteri Bottas net ënner 1:20.693 koum. Den Daniil Kvyat huet mat Honda Power gewisen, dass den Toro Rosso och séier ka fueren. Hie koum de Mëttwoch de Moien op 1:18.276, wat déi 3. Plaz bedeit huet.

De Max Verstappen hat moies Ulafschwieregkeeten, mee am Nomëtte war hien zimlech séier ënnerwee an ass mat 1:18.787 déi 5. Zäit gefuer. No der Mëttegpaus huet de Romain Grosjean säin Haas wéinst technesche Problemer direkt missen ofstellen, konnt awer géint 17 Auer nees Gas ginn. Mat enger Portioun Frust am Bauch huet hien de rietse Fouss och wäit opgetrëppelt a kënnt um Enn op Plaz 7.

Um 14.27 Auer huet den George Russell ënner dem Applaus vun all de Leit, déi um Circuit waren, endlech de Williams op eng Information Lap gefouert an d‘Team-Cheffin Claire Williams huet erkläert, dass si alles dru setzen, sou vill wéi méiglech ze testen. Bekanntlech ginn et jo Reiwereien tëscht hier an dem techneschen Direktor Paddy Lowe.

Bei Renault huet den Daniel Ricciardo säin Teamkolleg nomëttes ersat an hien huet mächteg Gas ginn, wat seng Zäit vun 1:18.164 beweist. Hie sot op der Pressekonferenz hie géing de WM-Titel uviséieren.

De Lewis Hamilton, deen e Mëttwoch am Nomëtten hanner d‘Steier gegraff huet a Longruns getest huet, sot moies an der Pressekonferenz, dass d‘Zäite vu Ferrari beandrockend wären, mee him awer kee Kappwéi géinge maachen. Am spéide Nomëtten huet hien als éischt de Vettel an duerno de Räikkönen richteg gepuscht. Et huet ee gemengt, et wär schonn eng Course.

Géint 17 Auer du konnt den George Russell mam neie Williams ganzer 11 Ronnen dréinen. Kuerz viru Schluss vun der Sessioun gouf et nach emol turbulent. De Russ Daniil Kvyat huet d‘Super-Soft-Pneuen drop gemaach an ass mat 1:17.704 déi séiersten Zäit vum Dag gefuer wärend de Romain Grosjean säin Haas Ferrari huet musse mat techneschem Defekt ofstellen. RESULTATER:

1.- KVYAT                        Toro Rosso                         1:17.704

2.- RÄIKKÖNEN                Alfa Romeo                       1:17.762

3.- RICCIARDO                 Renault                               1:18.164

4.- VETTEL                       Ferrari                                  1:18.350

5.- VERSTAPPEN               Red Bull                               1:18.787

6.- HÜLKENBERG              Renault                               1:18.800

7.- GROSJEAN                  Haas                                     1:19.060

8.- FITTIPALDI                 Haas                                     1:19.249

9.- SAINZ                         McLaren                             1:19.354

10.- PEREZ                       SportPesa                          1:20.102

11.- BOTTAS                     Mercedes                          1:20.693

12.- HAMILTON                 Mercedes                          1:20.818

13.- RUSSELL                    Williams                              1:25.625

2. Dag

Den zweeten Dag vun den Testfaarten zu Barcelona ass ähnlech verlaf wéi den Éischten. De Ferrari, dës Kéier pilotéiert vum jonke Charles Leclerc, war nees de Moossstaf an der Zäitentabell. Mat 1:18.247 war hie knapp eng Zéngtel-Sekonn méi lues wéi de Vettel e Méindeg, mat iwwer 150 Ronnen awer grad esou fläisseg.

An der Ferrari-Box war ze héieren, dass den neie matte Lack, deen um Ferrari ass, vis-à-vis vum glänzende Lack 120 Gramm méi liicht soll sinn. Déi Rout aus Maranello setzen deemno alles drun, fir nees eng Kéier Weltmeeschter ze ginn. Den Daniel Ricciardo, dee just de Méindeg de Moien am Asaz war, hat Pech. No knapp 20 Tier huet hien um Enn vun der laanger Ligne Droite säin hënneschte Spoiler verluer an domat war säin Test gelaf. Hie koum trotzdeem nach op déi 9. Plaz an ass ausserdeem ausgewielt ginn, fir ee vun den neien Helmer ze testen.

De Kevin Magnussen am Rich Energy Haas huet sech mat 1:19.206 déi drëtten Zäit geséchert. Knapp virun him ass de jonke Lando Norris an de leschte Minutten op déi zweet Plaz gefuer. De Weltmeeschter Lewis Hamilton ass identesch Zäite gefuer wéi e Méindeg a war um Enn 10., wéi all Joers geet hien et lues un. De Valtteri Bottas ass zum Schluss awer nach eng déif 1:19er Zäit gefuer, wat hien op déi 6. Plaz bréngt.

Vun deene jonke Piloten ware mam Alex Albon (4. Plaz) um Toro Rosso, esou wéi de Lando Norris (2. Plaz) um McLaren, allebéid Englänner déi Séiersten. De Stroll um SportPesa louch laang Zäit virum Hülkenberg um Renault, ier de Leschtgenannte sech awer an de leschte Minutten nach op déi 8. Plaz konnt setzen.

Wéi am Boxegeflüster ze héiere war, ass den neie Williams nach net fäerdeg a wäert säin Debut déi nächst Woch feieren, sollte se dat zu Didcot hikréien. Et wäert net grad vu Virdeel sinn, wann den Traditiounsrennstall d‘Saison 2019 esou ufänkt. Di sëlleche Fans vum Robert Kubica waren deemno dës Woch fir näischt op Montmélo komm.

Eng Stonn viru Schluss huet de Pierre Gasly ( 7. Zäit) säi Red Bull mam Honda-Moteur, deen erstaunlech gutt funktionéiert, an de Sand gesat an domat wäertvoll Testronnen verluer. Ze nennen ass nach, dass den Testpilot vum Haas Team, de Brasilianer Pietro Fittipaldi och 12 Tier gedréit huet. RESULTATER:

1.- LECLERC                     Ferrari                  1:18.247

2.- NORRIS                       McLaren              1:18.553

3.- MAGNUSSEN               Hass                      1:19.206

4.- ALBON                        Toro Rosso         1:19.301

5.- GIOVANAZZI               Alfa Romeo        1:19.312

6.- BOTTAS                       Mercedes           1:19.535

7.- GASLY                         Red Bull               1:19.814

8.- HÜLKENBERG              Renault                1:19.837

9.- RICCIARDO                 Renault                1:19.886

10.- HAMILTON                Mercedes           1:19.928

11.- STROLL                     SportPesa           1:20.423

12.- FITTIPALDI                Haas                      1:21.849

1. Dag

Pünktlech zum Optakt vun der neier Saison huet Alfa Romeo hiren neien Auto presentéiert, dee si vu Sauber iwwerholl hunn. Nieft dem Antonio Giovinazzi setzt en Ex-Weltmeschter um Steier an zwar den 39 Joer ale Finn Kimi Raikkönen.

"Deen éischten Dag ass ëmmer spannend. Neien Auto, spieren, wéi e sech ufillt an ech si jo och an engem neien Team, also muss ee sech bëssen ëmgewinnen. Mee et ass elo näischt Anormales.", esou de Kimi Räikkönen.

De Start an déi nei Saison huet de Raikkönen sech bestëmmt besser virgestallt. Schonn an der éischter Ronn huet hie sech gedréit a koum aus eegener Kraaft net méi eraus.

Bei Mercedes ass alles beim alen. Do setze weiderhin de Valtteri Bottas an de Weltmeeschter Lewis Hamilton am Cockpit.

Hire Konkurrent Ferrari geet mat groussen Hoffnungen an déi nei Saison. Den neien Teamchef Mattia Binotto wëll mam SF90, zanter 2008 nees e WM-Titel op Maranello huelen. Dat huet de Sebastien Vettel direkt ënnerstrach, deen och direkt de Séierste war.

Och bei Renault gëtt et e Fuererwiessel. Mam Nico Hülkenberg zesumme geet den Daniel Ricciardo fir déi franséisch Autosmark un den Depart.

"Zil ass et, Weltmeeschter ze ginn. Dat ass de Grond, wisou ech fueren. Ech gleewen u mech a weess, wat ech kann a mat Renault wëll ech dat erreechen. Dat ass eist Zil an dofir sinn ech hei."

D'Ekippe kënnen nach bis den Donneschden um Circuit fueren. Den zweeten Test ass tëscht dem 26. Februar an dem 1. Mäerz virgesinn, also zwou Woche virum éischte Grand Prix an Australien.
1.- Vettel / Ferrari                 1:18.161

2.- Sainz / McLaren               1:18.558

3.- Grosjean / Haas              1:19.159

4.- Verstappen / Red Bull      1:19.426

5.- Räikkönen / Alfa Romeo   1:19.462

6.- Kvyat / Toro Rosso           1:19.464

7.- Perez / SportPesa           1:19.944

8.- Bottas / Mercedes           1:20.127

9.- Hamilton / Mercedes        1:20.135

10.- Hülkenberg / Renault     1:20.980

11.- Ricciardo / Renault         1:20.983