De Lëtzebuerger Grégoire Munster sicht via Crowdfunding nach Sue fir 3 Leef an der WRC um Skoda Fabia R5 ze fueren. An der Junior-EM fiert e fir Opel.

D'Karriär vum 20 Joer jonke Grégoire Munster kritt ëmmer méi eng international Nues. Zejoert ass de gebiertege Lëtzebuerger mat enger Lëtzebuerger Lizenz och am Kader vum Lëtzebuerger Rallye-Championnat ugetrueden an ass hei hannert dem Yann Munhowen an dem Steve Fernandes direkt op eng exzellent 3. Plaz komm.

Hie war awer och soss nach immens vill ënnerwee... hien ass am belsche Championnat ugetrueden op engem Opel Adam R2 a konnt sech do den Titel vum Junior-Champion sécheren, dëst virun Dilley a Brüls.

Domat awer net genuch. En ass och nach am däitschen ADAC Rallye Cup un den Depart gaangen, wou all d'Pilote mat engem identeschen Opel Adam Cup géintenee gefuer sinn. Hei ass et um Enn de Vizetitel ginn.

2018 war deemno schonn eng immens erfollegräich Saison fir de Grégoire Munster.

Och d'Preparatiounen op 2019 ware schonn immens villverspriechend. Am Dezember 2018 ass hien de Rallye National Hivernal du Dévoluy op engem Skoda Fabia R5 gefuer, dëst als Test fir de Rallye Monte-Carlo am Januar 2019. Et war eréischt säin 2. Rallye um R5, nodeems en beim Rallye Lëtzebuerg am Juli 2018 eng éischte Kéier mat deem Auto gefuer war.

© Ketty a Rom Hankes / RTL

Hie konnt de Rallye Hivernal du Dévoluy dann och gewanne kënnen. Beim Rallye Monte-Carlo, dem Optakt vun der Rallye-Weltmeeschterschaft ass dunn net sou gutt op en Enn gaangen. E konnt zwar e puer ganz gutt Zäite fueren, ma op der 11. Special hat en dunn awer eng Sortie de route an de Rallye war gelaf.

De Skoda Fabia R5 um Ralle Monte-Carlo

No enger kuerzer Zäit vun Analys a Reflektioun gouf dunn am Haus Munster decidéiert, nach 3 weider Leef vun der Rallye-WM fueren ze wëllen. Als 3 méiglech Rallye goufen ausgewielt: Tour de Corse, Rallye Deutschland a Rallye Catalunya.

Well dat awer mat engem enorme finanziellen Opwand verbonnen ass, gouf e Crowdfunding-Projet op d'Been gestallt. Hei kann een de Grégoire Munster finanziell ënnerstëtzen, ugefaange bei 10€... mat no uewe kenger Grenz. Zil ass et fir 25'000 € zesummen ze kréien. Weider Detailer zu deem Projet fënnt een op www.risingtrack.com.

© Bastien Roux

Um Dënschdeg de Moie koum dunn eng weider Nouvelle, wat d'Saison 2019 vum Grégoire Munster ugeet. Nodeems hien um Opel Adam Cup-Auto schonn iwwerzeegt huet, a mam grousse Brudder Opel Adam R2 am Lëtzebuerger an am belsche Championnat Top-Resultater ofgeliwwert huet, ass et net iwwerraschend, dass hien och 2019 enk mat Opel zesummeschaffe wäert.

Hie gouf nieft dem Elias Lundberg aus Schweden als zweete Pilot fir d'Opel Wierksteam zeréckbehalen, fir an der FIA ERC3 Junior Europameeschterschaft ëm den Titel ze fueren! Opel ass en der Rallye-EM an der Junior-Wäertung an de leschte Joren d'Referenz.

Ma domat awer net genuch... nieft senge Pläng fir nach 3 WM-Leef um Fabia R5 ze fueren, sengem Programm an der Europameeschterschaft, fiert en och nach um Opel Adam R2 dat belscht BRC Junior Championnat.

Net méi mat Lëtzebuerger Lizenz

Hat een zejoert nach d'Freed de Lëtzebuerger Fändel hannert oder virum Grégoire Munster sengem Numm op den Autoen oder de Resultatslëschten ze gesinn, sou ass dat 2019 awer eriwwer.

© Ketty a Rom Hankes / RTL

De gebiertege Lëtzebuerger, deen an der Belsch lieft, huet sech entscheet, mat enger belscher Lizenz ze fueren. Am RTL-Gespréich huet hien erkläert, dass dat néideg war, fir dass hien an de Fërderprogramm vun der belscher Federatioun mat opgeholl gëtt. An der Belsch gëtt et e sougenannten "RACB National Team". Wann een als Pilot fir dee Fërderprogramm zeréckbehale gëtt, kritt een eng massiv Ënnerstëtzung vun der Automobilsportfederatioun. Duerch dee Fërderprogramm goufe scho Pilote wéi Stoffel Vandoorne (Formel 1) an Thierry Neuville  (Rallye-WM) un d'Weltspëtzt erugefouert.

Well et sou ee Fërderprogramm op Säite vun der Lëtzebuerger Federatioun (ACLSport) net gëtt, hunn de Grégoire Munster a säin Ëmfeld entscheet, et an der Belsch ze probéieren. Hie gouf do nämlech vum RACB an déi méi enk Auswal opgeholl als potentielle Fërderpilot fir d'Joer 2020. Wëssentlech wat dee Sport kascht, a wat sou eng Ënnerstëtzung ka mat sech bréngen, war d'Entscheedung du séier getraff.