Den 31 Joer ale Mëttelfeldspiller ka bannent engem Mount nees mam Training ufänken, sou de Veräin.

De Sami Khedira war nach beim leschten Training virum Champions-League-Match géint Atlético Madrid mat dobäi, ier hien op eng Kéier Problemer mam Häerz krut. De Weltmeeschter hat doropshin direkt d'Doktere vu Juventus Turin informéiert.

De Veräin huet nach en Dënschdeg den Owend matgedeelt, datt de Sami Khedira wéinst Häerzrhythmus-Problemer misst behandelt ginn. E Mëttwoch de Moien ass den däitschen Nationalspiller erfollegräich operéiert ginn. Sengem Veräin no kann de Weltmeeschter vun 2014 bannent engem Mount nees ufänke mat trainéieren.