Leschte Sonndeg gouf de Cross-Championnat wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofgesot, en Dënschdeg huet d'FLA elo en neien Datum matgedeelt.

Den CA Fola an d'FLA hu sech elo op den 23. Mäerz 2019 gëeenegt. Déi genau Horairen, ewéi och de Parcours ginn zu engem spéidere Moment kommunizéiert.