Mir hunn Drëttrechter vun Futtball-Spiller kaf, soulaang dat erlaabt war, esou de Lëtzebuerger Geschäftsmann.

Wéi d’Fifa, déi international Futtballfederatioun bis hir Reglementer geännert hat, hu mir och domat opgehalen.

Éier de Gérard Lopez Lille 2017 iwwerholl huet, hat hien eng Firma mat senger elo rietser Hand beim Losc, dem Marc Ingla, déi d’Rechter vu Spiller ofkaf huet.

Am Kader vun de Football-Leaks war dat elo virun 2 Woche reveléiert ginn. De Spiegel hat geschriwwen, datt Manchester City doduerch och de Financial Fair-Play hätt kënnen ëmgoen.

D’Uefa, déi europäesch Futtball-Unioun géif elo mol eng Enquête opmaachen. An engem Interview mat der franséischer Sportzeitung l’Equipe, sot de Lopez, datt hien deemools ni an iergend engem Mail-Verkéier dra gewiescht wär, donieft wär d’Opkafe vun den Drëttrechter vu Spiller deemools jo net verbuede gewiescht, soss wär jo wuel och eng juristesch Enquête gemaach ginn.