Als Fan vu Schalke huet een et wierklech net einfach. No der Blamage zu Manchester City, koum fir d'Fans um Fluchhafen eng weider Erniddregung.

Nodeems Schalke 04 an der Aachtelsfinall vun der Champions League mat 0:7 vu Manchester City aus dem Turnéier eliminéiert gouf, koum kuerz drop déi nächst béis Iwwerraschung fir d'Schalke-Fans. Ronn 100 Fans vum Club hunn missten nom Match mam Ekippe-Fliger vu Borussia Dortmund op Düsseldorf fléien, also eng schwaarz-giel Maschinn mam Logo vum Äerzfeind.

Verschidde Fans solle souguer protestéiert hunn a wëlles gehat hunn, net mat der Maschinn zeréck op Düsseldorf ze fléien.

Wéi e Porte-Parole vun Eurowings matgedeelt huet, wier de Choix vun der Maschinn puren Zoufall gewiescht. Beim Fliger géif et sech ëm eng ganz normal Maschinn dréien, déi eben ëmlackéiert gouf.