An der Liichtathletik gouf et bei der 24. Editioun vum Postlaf eng Victoire vum Yonas Kinde.

2340 Leefer a Leeferinnen sinn e Samschdeg de Moien an déi nei Lafsaison gestart. Eng gutt 700, déi ageschriwwe waren haten, méi wéi sécher, wéinst de miserabele Wiederkonditiounen, op en Depart verzicht. D'Organisateuren waren awer op Schlëmmeres preparéiert.

Ronn een Drëttel vun de Participante gehéieren dem weibleche Geschlecht un. Um Postlaf begéine sech Leefer mat deenen ënnerschiddlechste Motivatiounen: Fräizäitsportler, fréier Spëtzesportler an en Deel vun eisen aktuelle schnellste Laangstreckeleefer. Wéi all Joer, huet och dës Kéier d'Méiglechkeet bestanen, fir en Don fir d'Caritas ze maachen, fir Kanner aus dem Bangladesch z'ënnerstëtzen. Fir déi 4. Kéier huet de Yonas Kinde de Postlaf gewonnen. Hien huet fir déi 10 Kilometer 31 Minutten an 41 Sekonne gebraucht. De Christophe Kass ass als 4. a beschte Lëtzebuerger iwwert d'Linn gelaf, virum Thierry Dondelinger an dem Luc Hoffmann.

D'Course bei den Damme gouf vun der Englännerin Stephanie Banes gewonnen. D'Jenny Gloden gouf bescht Lëtzeburgerin, 5 Sekonnen virun der 17 Järegen Triathletin Eva Daniels an dem Isabelle Hoffmann.

Eng 450 Kanner hate sech net vum Reen ofhale gelooss, a si déi 500 Meter, respektiv 1.000 Meter, jee no Alter, ronderëm d'Postgebai gejauft.

Net manner wéi 62 Lafmanifestatioune sti bis zum Schluss vum Joer am Kalenner vun der Liichtathletikfederatioun. Do missten déi Lafbegeeschtert op hire Kont kommen.