Um International Swim Meet zu Edinburgh huet d'Monique Olivier iwwer 200 m Papillon e neie Rekord opgestallt.

Déi 20 joer al Schwëmmerin konnt iwwer 200 Meter Papillon e neie Landesrekord opstellen. An der Finall ass d'Zäit bei 2 Minutten, 18 Sekonnen a 7 Honnertstel stoe bliwwen. Domadder ass d'Lëtzebuergerin 11 Honnertstel ënnert senger aler Beschtzäit aus dem Joer 2015 bliwwen.