Dem DFB ass beim Design vun hirem neie Bus fir d'däitsch Nationalekipp ee klenge Feeler geschitt.

Um Bus ass den däitsche Fändel nämlech de falsche Wee drop. Gold-Rout-Schwaarz, esou ass d'Reiefolleg vun de Faarwen hannen um Bus. Allerdéngs misst et Schwaarz-Rout-Gold sinn.

Well déi däitsch Futtball-Nationalekipp fir 2019 en neie Sponsor krut, huet och en neie Bus missen designed ginn. Net méi Mercedes, mä VW ass den neie Sponsor an zu VW gehéiert och MAN.