Fir de Kont vum 1. Spilldag am Grupp B vun der EM-Qualifikatioun kann d'FLF-Formatioun déi éischt 3 Punkten am Match géint Litauen astiechen.
An der schwiereger Grupp B vun der EM-Qualifikatioun, déi jo 2020 uechter ganz Europa organiséiert gëtt, ass Lëtzebuerg e Freideg den Owend beim 1. Match op Litauen getraff. D’Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz huet am Optaktmatch mat 2:1 gewonnen, dobäi loungen d'Rout Léiwen no 14 Spillminutte mat 0:1 hannen. Ervirzehiewe sinn d'Goler vun der Lëtzebuerger. Et waren nämlech déi éischt Goler vum Leandro Barreiro a Gerson Rodrigues an enger Qualifikatiouns-Ronn fir Lëtzebuerg.

© Val Wagner
D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger no dem 2:1-Erfolleg
Resumé vum Match: Lëtzebuerg - Litauen
Direkt mat enger Iwwerraschung an der Opstellung ass d'Rees vun de Roude Léiwen an der EM-Qualifikatioun lassgaangen. Et stoung keen nominelle Stiermer an der Start-Eelef, dofir konnt ee sech d'Fro stellen, wéi Lëtzebuerg als Favorit an dëser Partie d'Goler sollte schéissen.
Déi éischt Äntwert dorop hat de Vincent Thill an der 8. Minutt, wéi de Lëtzebuerger Dribbel-Spezialist aus ronn 17 Meter sec ofgezunn huet an dat ronnt Lieder knapps laanscht de Gol geflunn ass. Déi kal Dusch fir d'Rout Léiwe koum dunn awer nëmme e puer Minutt méi spéit, wéi den d'Cernych an d'Déift geschéckt gouf an am Strofraum dem Lëtzebuerger Kipper Moris de Ball an de laangen Eck gesat huet - 0:1 fir d'Gäscht no 14 Minutten.

© Screenshot
Lëtzebuerg war u sech gutt am Match, huet allerdéngs am leschte Véierel net dat néidegt Duerchsetzungs-Verméigen un den Dag geluecht. Iwwerdeems hunn d'Gäscht aus Litauen spilleresch net vill gewisen, allerdéngs ware si no Lëtzebuerger Ballverloschter ëmmer direkt geféierlech an hunn offensiv Aktioune lancéiert.
An der 34. Spillminutt koum de Leandro Barreiro no enger gudder Flank vum Käpitan Laurent Jans mam Kapp un de Ball, ma dat jonkt Nowuesstalent krut awer net genuch Kraaft hannert de Ball. An awer huet ee gespuert, datt d'Rout Léiwe wollten eppes virum eegene Public weisen, esou hu si weider héich gepresst an hir Chance gesicht.
Knapp 10 Minutte méi spéit huet et de Spiller vu Mainz 05 dunn awer besser gemaach. No enger herrlecher Pass vum Vincent Thill koum de Barreiro am Strofraum un de Ball a konnt dunn dat ronnt Lieder duerch d'Been vum Kipper op 1:1 setzen - dat war dunn och d'Pauseresultat.

© Screenshot
Ronn 10 Minutte war den 2. Duerchgang al, wéi de Gerson Rodrigues ee fantastesche Gol fir d'Rout Léiwe markéiere konnt. Vum lénken Eck vum Strofraum huet de Lëtzebuerger mat vill Gefill drop gehalen an dat ronnt Lieder an de laangen Eck vum Gol gezierkelt.

D'Lëtzebuerger Supporter iwwer den 2:1 gefreet. / © Screenshot
Duerno huet Lëtzebuerg zwar de Match dominéiert a geréiert, an der Defense waren awer ëmmer nees Feelpäss ze beobachten. Wéi dunn awer den Danel Sinani, Dave Turpel a Stefano Bensi an d'Partie komm sinn, gouf d'Ofwier vun de Rouden entlaascht. Doropshin koum et am Lëtzebuerger Stuerm zu strammer Golschëss, ënner anerem vum Sinani an der 79. a vum Turpel an der 80. Spillminutt.
Déi lescht 10 Minutte koum dann och net méi vill vum Gaascht aus Litauen - d'Konditioun huet ëmmer méi nogelooss. De Gerson Rodrigues hat an der 3. Minutt vun der Nospillzäit souguer nach eng déck Chance, fir op 3:1 fir Lëtzebuerg ze erhéijen. Et sollt awer beim 2:1-Succès bleiwen.
Opgrond vun enger 1. Hallschecht, an där Lëtzebuerg gekämpft huet, fir zeréck an de Match ze kommen, an engem 2. Duerchgang, wou d'FLF-Formatioun propper d'Spill opgebaut huet an ee wonnerbare Gol schéisse konnt, goung dës Optakt-Victoire verdéngt fir d'Rout Léiwen an d'Rei.
Resultater an d'Resuméen aus den anere Gruppen am Iwwerbléck
Am 2. Match vum Grupp B ass Portugal doheem géint d'Ukrain ugetrueden. Den Europameeschter koum net iwwer een 0:0-Remis eraus.
Grupp A
Bulgarien - Montenegro 1:1 (0:0)
England - Tschechesch Republik 5:0 (2:0)
Grupp H
Moldawien - Frankräich 1:4 (0:3)
Albanien - Tierkei 0:2 (0:1)
Andorra - Island 0:2 (0:1)