Beim leschte Sprange vun dëser Saison ka sech de Japaner och duerchsetzen a kréint sech déi éischte Kéier zum Champion.

Beim leschte Fléie vun der Saison zu Planica a Slowenien konnt sech de Japaner Ryoyu Kobayashi d'Victoire sécheren. Mat insgesamt 464,9 Punkte konnt de Kobayashi seng Verfolger kloer distanzéieren. Op déi zweete Plaz koum de Slowen Domen Prevc, dee mat 444,0 Punkten awer ewell méi wéi 20 Punkten hannert dem Vainqueur louch. Op der drëtter Plaz vum Podium stoung den Däitsche Markus Eisenbichler, deen um Enn 1,5 Punkte Réckstand op de Prevc hat.

De Gewënner vum leschte Sprange vun dësem Wanter konnt sech um Sonndeg direkt 2 mol freeën. Nieft dem General am Fléie konnt sech de Japaner och de General vun der Saison 2018-2019 sécheren. Hei hat hien um Enn mat 2085 Punkte kloer d'Nues vir, dëst mat enger Avance vun iwwert 700 Punkte virum Stefan Kraft aus Éisträich, deen d'Saison mat 1349 Punkten ofschléisse konnt.